Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kräizbierg: "Personal schockéiert iwwer rezent Decisiounen"

Konflikt tëschent Direktioun a Personaldelegatioun

Kräizbierg: "Personal schockéiert iwwer rezent Decisiounen"

Déi rezent Decisioune vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Kräizbierg hunn net gehollef fir d'Personal ze berouegen: Den OGBL fuerdert am Konflikt tëschent Personaldelegatioun an Direktioun méi wäitreechend Decisiounen.

auto_stories

1 min

Wéinst der Gravitéit vum Dossier géif ee sech erwaarden, datt et änlech geet wéi am Blannenheem bei Miersch, wou am Juni no engem interne Konflikt den Direkter demissionéiert hat, esou de Joel Delvaux vum OGBL am 100,7-Interview. Virum Verwaltungsrot vun der nächster Woch wier mat gewerkschaftlechen Aktiounen ze rechnen. Déi ganz Personaldelegatioun an de Rescht vun der Belegschaft wiere reegelrecht schockéiert iwwer d'Virschléi vum Verwaltungsrot: Si hätten d'Gefill, datt hir Doleancen net eescht geholl géife ginn, an d'Gravitéit vun de Reproche géif erofgespillt ginn. Eng Mediatioun wier e Spill op Zäit.

De Joel Delvaux (OGBL) am Interviewplay_arrow

Tëschent der Direktioun an der Personaldelegatioun gëtt et zanter Méint e Vertrauenskonflikt. D'Delegatioun an den OGBL geheien der Direktioun en onmënschleche Féierungsstil vir, d'Direktioun huet d'Virwërf vu sech gewisen.

De Verwaltungsrot hat virgëschter eng Mediatioun an eng extern Evaluatioun decidéiert. D'nächst Woch soll eng weider Reunioun sinn.

President vum Verwaltungsrot ass de fréieren DP-Politiker Henri Grethen. President vum Direktiounscomité a Member vum Verwaltungsrot ass de fréiere Beamte Jeannot Berg. D'Fondatioun Kräizbierg hat zejoert 270 Salariéen. Dobäi sinn an den Atelieren nach eppes méi wéi 100 Persoune mat enger Behënnerung beschäftegt.