Radioen

On air

Notturno  |  Pauline Anna Strom - Quiet Joy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Krich: Business as usual?

Fräie Mikro

Krich: Business as usual?

De Projet vun eise Militärsatellitten hat eng kuerz Zäit fir Diskussiounen an onbequem Froe gesuergt. Zemools d'Fro vum Rapport zum amerikaneschen Dronekrich hat dach eng ganz Rei Leit un der Iddi zweiwele gelooss. Mee wéi virun e puer Wochen nach emol erauskoum, datt Lëtzebuerg och Drone kafe wëllt, war dat offensichtlech just nach eng Informatioun an de Medien. "Sinn déi Froe ronderëm d'Participatioun un der internationaler Krichwirtschaft also geléist?", freet den Thierry Simonelli am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Thierry Simonelli

War de Projet vum GovSat um Ufank nach politesch ëmstridden, ënner anerem well et net ganz kloer war, ob d'Ausléine vu Satellittentechnik fir international militäresch Interventiounen och fir den Dronekrich benotzt sollt ginn, esou schéngt dee Punkt haut méi kloer.

Parallel zum Spacemining-Programm soll eis Wirtschaft sech elo net nëmmen am Beräich vum Verlounen vu Militärsatellitten diversifizéieren, mee och nach an Dronen investéieren. Dobäi soll dës militäresch politesch a moralesch perfekt integer bleiwen. Mindestens gesäit de politesche Marketing dat esou.

Verléine vu Krichsmaterial, mat deene beschten Intentiounen

Den Discours, deen déi lëtzebuergesch Investitiounen an d'international Krichswirtschaft justifizéieren soll, kënnt een op folgend Aart a Weis rekonstruéieren:

Och wa mir als Nato-Verbündet un der aggressiver amerikanescher Aussepolitik deel huelen, maachen mir dat mat de beschten Intentiounen a mat enger perfekter politescher Neutralitéit. Mir verléine jo eis Krichapparater just, a wat déi aner domat maachen, mäi Gott, dat ass net eise Problem. Guns don't kill people ...

A grad esou wéi mir neutral Militärsatellitte verlounen, grad esou sollen och eis Drone moralesch a politesch vertrietbar bleiwen. Well eis Drone jo net déi béis bewaffnet Drone sinn, déi kollateral Dausende vun onschëllege Zivilisten ëmbréngen. Eis Drone si selbstverständlech net déi aus den geheimen amerikaneschen Ermuerdungsprogrammen.

Eis Drone solle just ganz onparteiesch a sachlech zur globaler Iwwerwaachung bäidroen a militäreschen an zivillen Interventiounen hëllefen, déi esou eppes brauchen. A selbstverständlech gëtt déi global digital Iwwerwaachung ëmmer nëmme mat beschten Intentiounen benotzt.

Krich an Iwwerwaachung si Businessmodeller mat Zukunft

Virun allem awer ass eis progressiv an onschëlleg Krichtechnologie an eisem gemeinsamen Interesse. Dat goung scho kloer d'lescht Joer aus dem Land-Entretien vum Michèle Sinner mam Etienne Schneider ervir: Et geet un alleréischter Plaz ëm Dividenden. An och dorun dierft keen zweiwelen: Krich a global Iwwerwaachung si Businessmodeller mat nohalteger Zukunft.

Geld sténkt halt net, net no Exkrementer, mee och net no Blutt an Tréinen, no Gewalt a Folter. Well wann d'Dividende bis an der Keess rabbelen, da sinn déi Niewewierkungen séier vergiess. Ëmmerhi geet et jo ëm eise Staatsbudget a letztendlech ëm eise Liewensniveau an ëm eis Pensiounen. Domat dierften dann och déi lescht peinlech Froe sech a Loft opgeléist hunn.

D'Populatioun an den Decisiounsprozess mat abannen

A wiem dat trotzdeem nach net schmaacht, dee sief drun erënnert, datt mir souwisou als NATO-Member innerhalb vun den nächsten zéng Joer zwee Prozent vun eisem PIB zum Verteidegungsprogramm zur NATO bäidroe sollen.

An der Rei, mir kruten dat zwar net vu baussen octroyéiert, mir droen als NATO-Member déi Decisioun demokratesch mat. An déi zwee Prozent si bis 2024 och just empfuelen an net befuelen. Mee dat ass elo esou an elo hale mir eis gefällegst drun. An hale mir op, eis wuel-intentionéiert Politiker ëmmer erëm mat onproduktive Froen ze belästegen.

Tjo, nodeems dat alles bal unanime decidéiert gouf, versprieche verschidde Parteien elo fir d'Wahlen erëm méi Demokratie, méi Diskussiounen, méi Deelhuelen, soit, méi schwätzen ouni Konsequenzen.

Mee wéini traut sech emol eng Partei un d'Iddi vun engem partizipative Budget? Eng Méiglechkeet net just ze schwätzen, mee och seng Suen dohin ze stiechen, wou säi Mond ass, wéi et den engleschen Ausdrock seet.

Wéi vill Leit wiere wuel domat averstanen, hir Steierofgaben a Krichtechnologie, an Dronen, an an international militäresch, haaptsächlech amerikanesch, Iwwerwaachung ze stiechen?


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.