Wirtschaftlech Konsequenze vum Virus Kris am Taxi-Secteur

Den Taxi-Secteur ass duerch d'Pandemie an eng Kris geroden, déi och nom Confinement unhält. An der lescht goufen et eng Rei Faillitten a Reprisen um Marché.

Michèle Sinner / cz

Fra rifft Taxi
Foto: Bigstock

Wéi am März alles zougoung ass den Taxi-Secteur agebrach. Uganks hätten d'Taxien 90 Prozent manner Cliente gehat, wéi all déi Jore virdrun, zielt den Olivier Gallé, President vun der Taxi-Associatioun ALTVA. Och fir WebTaxi war et e Réckgang vun 90 bis 93 Prozent, confirméiert de Cyrille Horper.

Zanter dem Deconfinement wieren nees méi Clienten ënnerwee. Den Olivier Gallé, Patron vu Colux, schwätzt vun engem Plus vu fënnef bis zéng Prozent. Bei Webtaxi wier de Réckgang mëttlerweil bei 50 Prozent. Trotzdeem wieren nach ëmmer 80 Prozent vun de Beschäftegten am Chômage partiel, zielt den Olivier Gallé. Vill Leit wieren nach am Teletravail an et wieren och manner Clienten um Flughafen oder op de Garen, déi en Taxi bräichten.

De Cyrille Horper mengt, datt den August nees méi schlecht gëtt, well am Vakanzemount de Chiffre d'affaires mat Touriste gemaach gëtt, déi dëst Joer net do sinn. Méi wichteg wäert de September ginn, mengt hien, well do och d'Rentrée ass.

Fir de Cyrille Horper vu WebTaxi stellt sech och d'Fro, ob eng weider Well kënnt an ob erëm Restriktiounen agefouert ginn. Senger Meenung no, wäert sech virraussiichtlech am September alles entscheeden. D'Fro no enger weiderer Well géif awer och virun am Raum stoen.

Failliten a Verkeef vun Entreprisen

Och elo scho gëtt awer Changementer um Marché. Genau Zuele weess den Olivier Gallé net auswenneg, mee et hätte schonn eng Rei Betriber Faillite erkläert.

De Cyrille Horper seet, Webtaxi hätt nom Lockdown, den Independanten déi bei hirer Taxizentral abonéiert sinn de Virtrëtt ginn. "Dat ass bewosst esou decidéiert ginn, fir den Adhéranten ënner d'Aërm ze gräifen. Fir datt mer nëmmen net an eng Situatioun geroden, wou mer Adhérante verléieren an déi an d'Faillite geroden."

Dat hätt bis elo och kënnen evitéiert ginn, mee et hätt eng Konzentraitoun um Marché ginn. Verschidde Patronen hätten hir Rechnunge gemaach an hire Betrib verkaf, ier se an d'Faillite geroden."
De Moment gëtt et ronn 500 Taxislizenzen an deene verschiddenen Zonen uechter d'Land. Op d'Webtaxizentralen entfalen eng 150 bis 160 Autoen, wouvu just en Drëttel, déi eege Lizenze vu Webtaxi sinn. Bei der Konkurrenz vu Colux fuere ronn 100 Lizenzen, wouvun der 84 Colux selwer gehéieren.

Divers Schwieregkeete mat de Gefierer

Datt d'Autoe kaum gefuer ginn, bréngt eng ganz Rei aner Probleemer mat sech. Laut Taxisgesetz, esou den Olivier Gallé. Een Auto dierf zujm Beispill net méi ewéi zwee Méint stoen, soss kritt en d'Lizenz ewech geholl. Dofir géif een d'Autoen an engem Roulement beweegen. Trotzdeem géife Batterien heiansdo de Geescht opginn. "Da muss den Taximeter opgemaach ginn. Da muss een erëm op d'Kontrollstatioun, well dann den Datum an esou weider falsch ass", seet den Olivier Gallé.

Bei Webtaxi fuere se ëmmer mat de selwechten Autoen, well déi mat Plexiglas Oftrennungen ekipéiert goufen, erkläert de Cyrille Horper. Dee Moment misst fir all Gefier eng Demande gemaach ginn, well dat dem Gesetz no eng Ännerng vum Gefier ass. Dofir stinn déi aner Autoen.

"A wann der iwwer Wochen a Méint en Auto stoe loosst, da sinn d'Pneuen iergendwann eng Kéier net méi ronn. Dat kléngt elo ganz blöd, mee dat huet e ganz groussen Impakt, wann der musst sämtlech Pneuen op all Auto wiesselen. Dofir gi se da reegelméisseg emol geholl, fir eng Ronn ze dréien."

Dat awer just fir en Tour iwwer den Haff. D'Autoen, déi net an den Asaz bei de Clientë kommen, goufe bei der Assurance ofgemellt, fir Käschten ze spueren.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

En Taxi
Taxi-App

Eng nei Taxi-App versprécht Virdeeler fir d'Konsumenten a fir d'Chauffeuren. Den OGBL warnt an deem Kontext viru Schäiselbststännegkeet. Eng Kritik, déi d'Createure vun der App net novollzéie kënnen.

Taxi
Taxireformen I & II

Am Taxisecteur solle weider Reformschrëtt kommen. D'Ziler vun der leschter Reform wieren net alleguerten erreecht ginn, seet de Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch.

Taxi
Taxi Reform

D'Taxifederatioun begréisst, datt d'Taxi-Präisser am Abrëll a Mee erofgaange sinn. D'Baisse vun de Präisser geet aus engem Rapport ervir. Am Norde wier den Taxi-Reseau allerdéngs nach net voll ausgelaascht.

Fra rifft Taxi
Taxisreform

Taxie solle méi economesch, efficace an ecologesch ginn. Dofir gëtt d'Gesetz reforméiert. Den 20. Abrëll ass de Vote an der Chamber. Awer net all d'Punkte vum Projet de Loi stellen d'Bedreiwer zefridden.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen