Et gëtt an Holland nach ëmmer kee richtege Lockdown. Theoretesch dierf nach ëmmer jiddweree schaffen, akafen a spadséiere goen. An och wann dat onwarscheinlech kléngt: d'Leit bleiwen doheem. Vu baussen héiert een ëmmer erëm Stëmmen, datt Holland méi streng Moossname misst huelen. Mee déi Leit schéngen an deene leschten zwou Wochen Holland net erlieft ze hunn.
Och wann d'Leit hei zu kengem Moment gezwonge goufen doheem ze bleiwen, war Holland awer ee vun deenen éischte Länner, dat op Teletravail ëmgeschalt huet a wou den ëffentlechen Transport direkt eidel war. Evenementer goufen direkt ofgesot, an net-vital Geschäfter hu lues a lues fräiwëlleg zougemaach, entweder fir d'Leit ze schützen oder well keng Clientë méi do waren.
De Premier Mark Rutte krut hei am Land och vill Luef fir seng Fernseeusprooch an där hien erkläert huet, datt vill vun eis an deenen nächste Méint krank géife ginn, an datt am Moment déi eenzeg plausibel Léisung d'Gruppenimmunitéit wier.
Auslännesch Medien hu sech opgereegt, well et keen Zil u sech ka sinn. Se hunn awer dobäi komplett verpasst, datt de Premier net d'Bierger opgeruff huet massiv de Virus ze kréien, mee datt hie mat éierlecher Informatiounspolitik de Leit erméiglecht huet d'Virschrëfte vun der Regierung besser kënnen ze verstoen an dofir och besser kënnen anzehalen. Esouguer de Briefing vum Institut fir Volleksgesondheet gëtt dofir live iwwerdroen. An déi Oppenheet vun der Regierung spigelt sech an engem kollektive soziale Wëllen erëm fir souwuel de Virus ofzebremsen, wéi och d'Ekonomie um Lafen ze halen.
Am Plaz drop erëm ze reiden, datt Holland net esou mécht wéi déi aner - an dobäi wësse mer, datt si ëmmer e bëssen anescht maachen an de Buttek leeft awer - hätte mer besser erauszefannen, firwat d'Hollänner fäeg si sech als Natioun fräiwëlleg a mat gesondem Mënscheverstand un d'Reegelen ze halen, ouni datt si dozou musse gezwonge ginn.