Radioen

On air

Notturno  |  Velly Joonas - Kaes On Aeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritesche Moment fir d'EU

Politik

Kritesche Moment fir d'EU

D'Europäesch Unioun huet et virum Weekend net fäerdeg bruecht fundamental Ännerungen un der Asylpolitik ze decidéieren. Et gouf rhetoresch opgerüst: an der Saach awer goufe just verschidde vag Piste festgehalen, mee keng konkret Mesuren. Den EU-Sommet huet eppes ganz kloer gewisen: wéinst dem Drock vun de Rietspopulisten ass d'Europäesch Unioun op engem kritesche Punkt ukomm. Et geet net méi ëm d'Asypolitik, mee ëm d'Zukunft an den Zesummenhalt an der EU, mengt de Jean-Claude Franck an der Europachronik.

auto_stories

3 min

Jean-Claude Franck

Vill Staats- a Regierungscheffe wollten nom Sommet net vill soen. Si ware frou, datt si dee penibele Verhandlungsmarathon vun den Donneschdeg op de Freideg hanner sech haten. Italien, Éisträich an d'Visegrad-Staaten Ungarn, Polen, Tschechien a Slowakei ware frou, datt si vill blockéiert kruten. Déi aner ware frou, datt iwwerhaapt en Accord iwwer d'Migratioun zustane koum.

Dat hat allerdéngs en héije Präis. Konkret Engagementer sinn no an no aus de villen Textversioune gestrach ginn. D'Éisträicher, mat hirer siwe Méint aler rietspopulistescher Regierung, hu verhënnert, datt Wien déi nächst sechs Méint während der EU-Presidence muss eng Reform vum Asylsystem op den Dësch leeën. D'Dublin-Prozedur, déi d'Zoustännegkeet vun de Staaten an der Prozedur vun den Asyldemandeure kläert, an déi allgemeng als gescheitert gëllt, wäert wuel soubal net méi op de Leescht geholl ginn. Haaptsächlech well ëmmer méi Memberlänner oppe soen, datt si keng Responsabilitéit fir anerer wëllen iwwerhuelen, Solidaritéit ass just nach interessant, wann et am eegenen Interessi ass; zanter dësem Sommet hu mir dat schwaarz op wäiss. Obligatoresch Quote fir d'Opdeelung vu Flüchtlinge kann d'EU sech an Tëschenzäit un den Nol hänken.

Diskussiounen op niddregem Niveau ukomm

D'Diskussiounen iwwer d'Asylpolitik a virun allem d'Inzenéierung an der Ëffentlechkeet sinn op esou engem nidderegen Niveau ukomm, datt ee sech schuddert. Éisträich an aner Länner maache wéi wann um EU-Sommet endlech eppes fir de sougenannte Schutz vun den EU-Baussegrenze gemaach gi wier: Dat weist, wéi ee Message hinne wichteg ass - egal wéi d'Realitéiten um Terrain ausgesinn.

A wann déi ee Mount al rietspopulistesch Regierung an Italien esou mécht, wéi wa si déi éischt wier, déi de Bréisseler Karussell un d'Wackele bruecht hätt, da sinn dat och just geziilte Messagen un déi eege Wielerschaft déi gleewe soll, hir Regierung hätt endlech eppes "géint de System" ënnerholl.
Dobäi ass dat iwwerhaapt net de Fall. Amplaz mat Argumenter a Virschléi op Bréissel ze kommen, hu si hanner zouenen Diere Stonne laang blockéiert a verhandelt, bis just nach eng verwässert an inkohärent europäesch Äntwert um Dësch louch. Dono si se virun d'Press gaangen an hu behaapt, si hätten elo fundamental Ännerunge bewierkt.

Och Xavier Bettel ännert seng Rhetorik

Eelef Méint virun den Europawahlen hunn déi etabléiert Parteie keng Äntwert op d'Entwécklung vun deene rietspopulisteschen Tendenzen. Den Ament maache si hiert Spill mat. Wéi d'Angela Merkel den Donneschdeg virun der Press sot, d'Prioritéit um Sommet wier de Schutz vun den EU-Baussegrenzen, war séier kloer, wou et géif hi goen. Op eemol wëllt kee méi d'Wuert Solidaritéit an de Mond huelen, sech zu iergend eppes engagéieren, wat vum "Vollek" kéint schlecht opgeholl ginn, an op eemol seet och e Lëtzebuerger Premier, hie wéilt hei keng Wirtschaftsflüchtlingen an et kéint een elo net all Schëff retten, wat an engem Hafen uklappt, well dat kéint bei de Flüchtlinge falsch Hoffnungen opkomme loossen. Obwuel d'Statistike weisen, datt d'Flüchtlingsbeweegungen a Richtung Europa par Rapport zu 2015 staark ofgeholl hunn an de Premier selwer seet, et géif den Ament éischter eng politesch, wéi eng humanitär Krise ginn.

"Mir brauchen eng offensiv Konfrontatioun"

Déi aktuell Eskalatioun vun der Debatt steet a kengem Verhältnis zur Entwécklung vun de Migratiounsfluxen. Et leeft also eppes falsch: D'Migratiounspolitik ass zu engem Spillball vu Populismus a Muechtpolitik ginn.

Wéi sot de Politikwëssenschaftler Jan-Werner Müller hei op der Antenn: Wann ee Populiste bekämpfe wëllt, muss een argumentéieren amplaz hinnen d'Feld ze iwwerloossen. D'EU huet dat net verstanen. An dowéinst hat een op dësem Juni-Sommet d'Impressioun, datt d'Europäesch Unioun - esou wéi d'Debatt elo leeft - net méi wäit kënnt. D'EU ass op engem kritesche Punkt ukomm. Wat mir brauchen, ass endlech eng offensiv Konfrontatioun.