Radioen

On air

Notturno  |  Gilles Grethen Quartet - Stars And Asteroids

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik u Foyer fir Flüchtlingen: 78 Jugendlecher ënnert engem Dag

Encadrement vu Refugiéen

Kritik u Foyer fir Flüchtlingen: 78 Jugendlecher ënnert engem Dag

D'Caritas an den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher kritiséieren d'Situatioun an engem Foyer fir jugendlech Flüchtlingen an der Stad. 78 mannerjäreg Flüchtlingen, déi ouni Elteren op Lëtzebuerg komm sinn, sollen do vun nächstem Mount un ënnerbruecht ginn. Och wann elo kuerzfristeg bei der Finanzéierung nogebessert gi wier, kéinten d'Norme fir ee korrekten Encadrement ronderëm d'Auer, wéi se soss fir Kannerheemer hei zu Lëtzebuerg gëllen, net respektéiert ginn.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock / HalfPoint

D'Caritas, déi de Foyer mat der Ënnerstëtzung vum Office nationale de l'enfance geréiert, bedauert dat. Den Ausseministère schwätzt vun engem Provisorium a wëll no neien Infrastrukture sichen.

Elo scho géifen an enger Ausnamesituatioun 50 mineurs non accompagnés do wunnen, seet d'Caritas. D'Kanner am Foyer wieren tëscht 16,5 an 18 Joer al. D'Struktur ënnersteet dem ONA, dem Office national de l'accueil vum Ausseministère, geréiert gëtt e vun der Caritas, déi d'Personal awer gréisstendeels vum Office national de l'enfance (ONE) ënnert dem Educatiounsministère bezuelt kritt. D'Norme wieren awer net déi selwecht wéi déi an deenen anere Foyere fir Mannerjäreger. Dat wier falsch, seet de Caritas-Direkter Marc Crochet. An dësem Fall wier e sozioedukativen Encadrement ronderëm d'Auer nëmme reduzéiert méiglech.

Et wier kee richtege Centre d'Acceuil an och kee richtege Centre fir Refugiéen. Genee wéi an all de Centre d'Acceuil géif et och hei kee Gardiennage ginn. Amplaz géif sech eng sozioedukativ Ekipp Dag an Nuecht ëm d'Kanner bekëmmeren.

"Et ass en Haus dat eigentlech ze kleng ass fir sou vill Kanner a wou den Encadrement och net dee selwechten ass wéi deen deen een normalerweis fir sou e Foyer muss hunn."

Ënnerschiddlech Krittären

Normalerweis géifen d'Foyeren an deene Kanner ënner 16 Joer ënnerbruecht si vum Service nationale de l'Enfance vum Educatiounsministère geréiert ginn. An deene Foyere géifen et an der Moyenne Gruppe vun néng Kanner ginn, seet de Marc Crochet. Souwuel d'Krittäre wéi och de Personalschlëssel wieren anerer wéi an de Foyere vum Ausseministère.

Bei de Kanner ënner 16 an engem hallwe Joer géif d'Administratioun versichen déi strikt Normen anzehalen.

"Ech fannen dat eigentlech net richteg. Well fir mech si Mannerjäreger mannerjäreg bis se 18 Joer hunn."

Kritik kënnt och vum Ombudsman

Och den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit kritiséiert d'Situatioun an dësem Foyer an der Stat.

"Et kann een net rechtfäerdegen, datt een eng EU Direktiv huet, déi virgesäit datt ee Jonker vu 16 Joer un a Strukture vun Erwuesse ka bréngen an, datt dann déi aner Krittären déi mir soss üblecherweis an de Foyeren applizéieren net méi gëllen."

Et wier net am Interêt vun deene Jonken, datt se am Centre d'acceuil anescht behandelt ginn, wéi an engem Foyer.

Aussen- an Educatiounsministère deelen d'Kritik net

Dorop ugeschwat, kënnen déi zwee Ministèren d'Kritik net novollzéien. D'Caritas hätt op eegen Ufro, niewent dem Finanzement vum ONA och eng weider finanziell Ënnerstëtzung vum Educatiounsministère gefrot an och kritt. De Foyer vum ONA wier och just provisoresch bis méi adaptéiert Strukture fonnt géife ginn, déi dann och de Krittären entspriechen, fir datt se kënnen ënnert d'Responsabilitéit vum Educatiounsministère falen. D'Strukturen déi déi mannerjäreg Flüchtlingen ophuele wieren awer aktuell iwwerlaascht an et wéilt een déi Jonk sou séier wéi méiglech aus dem Centre de primo-accueil eraus kréien heescht et aus dem Ausseministère. Eleng d'lescht Joer wieren 164 mannerjäreg Flüchtlingen déi eleng reesen hei am Land ukomm.