Stad Lëtzebuerg Kritik u geplangtem Asaz vu Sécherheetsfirma am Garer Quartier

D'Decisioun vum Stater Schäfferot fir enger privater Sécherheets-Entreprise den Optrag ze ginn am Garer Quartier Patrullen ze maachen, suergt fir vill Diskussiounen. Souwuel d'Oppositioun am Stater Gemengerot, wéi och de Policeminister hu Bedenken.

Isabel Scott / cz

Police Gare Lëtzebuerg 2

Et wier ee sech eens, datt een d'Drogeproblematik am Garer Quartier net am Greff hätt. Souwuel d'Commercë wéi d'Bewunner hätten ëmmer erëm op Problemer ronderëm d'Sécherheet, dem Ordre public an der Propretéit, opmierksam gemaach. Déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer verlaangt schonn zanter Laangem, datt eppes geschitt.

Si hätt dëst Joer Reunioune mat der Police, der Justiz an aneren Acteure gehat, ouni datt um Terrain konkret eppes geschitt wier.

"An allkéiers gëtt déi selwecht Analys gemaach an allkéiers gëtt festgestallt "dat do geet net"(...) E Rechtsstaat, deen dat do zouléisst, dee verléiert seng Kredibilitéit, an déi Leit déi illegal Saache maachen, déi kréien d'Gefill vun der Impunitéit. "ech hunn d'leschte Kéier gesot 'muss ech mech iergendwou ustrécken an an Hongerstreik goen, fir datt eppes ännert?"

Dowéinst huet de Stater Schäfferot decidéiert enger privater Sécherheetsfirma den Optrag ze ginn, fir vum Dezember u fir zwee Méint eng "preventiv Presenz" op de Quartiers-Stroossen ze assuréieren. Virgesi wieren zwou Ekippe vu jeeweils zwee Agenten am Garer Quartier, an eng Ekipp an der Uewerstad.

"Si kënnen ebe preventiv do sinn, a wa si eppes gesinn, wat illegal ass, kënne si d'Police, musse si d'Police informéieren. Et ass net géint d'Police (...)."

Henri Kox: "Dat ass eleng d'Aufgab vun der Police"

De Policeminister Henri Kox gesäit dat anescht, an hie géif der Stater Gemeng weider seng Zesummenaarbecht ubidden, wat d'Police ugeet.

"Awer et gëtt keng koordinéiert Zesummenaarbecht an deem Beräich tëschent der Police Grand-ducale ënner menger Verantwortung an esou enger Gardienage-Firma fir am ëffentleche Raum den Ordre public wëllen ze garantéieren. Dat ass eleng d'Aufgab vun der Police."

D'Pist vun enger privater Sécherheetsfirma wier rezent nach emol ugeschwat ginn, an hien hätt sech kloer géint esou eng Léisung ausgeschwat.

Guy Foetz: Schwäche vun der Force publique

Bedenken huet och d'Pirate Partei, déi gëschter dozou eng dringend parlamentaresch Fro un de grénge Minister Henri Kox adresséiert huet. An engem Communiqué schwätzt déi Lénk vun engem "absolutten No Go".

De Gemengeconseiller Guy Foetz (déi Lénk) schwätzt vun enger "Pick" géint d'Police, déi Konkurrenz géif virun d'Nues gesat kréien. Dat wier en Ofbau vu Kompetenz an e Schwäche vun der Force publique. Hie kéint sech och virstellen, datt d'Verwaltungsgeriicht déi geplangte Moossnam misst iwwerpréiwen.

Tom Krieps: D'Police ass an der Verantwortung

Et kéint een eng Privatiséierung vun der ëffentlecher Sécherheet op kee Fall guttheeschen, esou och d'Vertrieder vun de Gréngen an der LSAP. De sozialistesche Gemengeconseiller Tom Krieps (LSAP) ass der Meenung, datt d'Police hir Presenz am Garer Quartier weider misst verstäerken, an datt se d'Moyenen, déi d'Gesetz hiergëtt méi konsequent misst uwenden.

Op déi Kriticken ugeschwat seet d'Lydie Polfer, datt si déi net novollzéie kéint. Eng privat Sécherheetsfirma kéint d'Police net ersetzen, mee eng "preventiv Presenz" garantéieren.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Isabel Scott
Lauschteren

Méi zum Thema

Police Gare Lëtzebuerg 3
Drogekriminalitéit

Pro Joer gi 4.500 Dossiere wéinst Drogekriminalitéit beim Parquet opgemaach, seet de Laurent Mosar. Dat wier net nëmmen e Problem vun der Justiz an der Police, mee och um Niveau vun der Gesondheet.

Kokain
Drogen

No jorelaangem Réckgang gëtt nees méi Kokain konsuméiert, mellen d'Drogen-Opsiichten op nationalem, europäeschem a globalem Niveau. Ursaach wier méi eng héich Produktioun an eng verännert Nofro.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen