Radioen

On air

Grousse Kino  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik um Gardesystem

Dokteren

Kritik um Gardesystem

D'Generaliste vum Grupp Miersch si géint deen neie System, deen d'Garden an den Hebergementsstrukture reegelt an deen zënter dem 1ten Oktober gëllt. D'Generaliste wiere beim Ausschaffe vun der Konventioun, déi d'AMMD zesumme mam Ministère a mam CMG ënnerschriwwen huet, net richteg consultéiert ginn, heescht et an engem Bréif, deen eis virläit. Si géife sech och net an dëse Gardesystem aschreiwen.

auto_stories

2 min

Deen neie Gardesystem, dee fräiwëlleg ass, hätt vill Schwächten, heescht et am Bréif, deen d'Generaliste vum Grupp Miersch un d'Representantë vun den Dokteren an un de Ministère geschéckt hunn, an deen eis virläit: laang Trajeten ouni Chauffeur, en duebelen Tour de Garde, obwuel den aktuelle System net iwwerlaascht wier, oder nach Permanencen an onbekannten Institutiounen.

D'Doktere froe sech, wat d'Plus-value vun dësem neie Permanence System par Rapport zu de Garde vum 112 iwwer d'Maison medicalë wier. Derbäi kéim, datt d'Meenung vun de Generalisten iwwer deen neie Gardesystem just an enger minimalistescher Enquête gefrot gi wier.

An dëser Enquête hätt sech souguer eng kleng Majoritéit vu 50,26 Prozent dogéint ausgeschwat. Generaliste vum Grupp Miersch verstinn net, wéi d'Representanten, dorënner d'Doktesch- an Zänndokteschassociatioun an de Cercle des médecins generalistes dës Konventioun vun enger grousser Envergure, mam Ministère konnten ënnerschreiwen. An dat ouni d'Dokteren, déi an der éischter Linn vun dësem System stinn, ze consultéieren.

Souwuel d'AMMD wéi och de CM, géife sech den Ament wäit vun hirer Basis befannen, esou d'Kritik. D'Konventioun gesäit zéng bis 15 regional an een nationale Coordinateur vir. Wéi vill bis ewell matmaachen, ass net gewosst.

Reaktioun vun der AMMD

Um Niveau vun der Form kann d'AMMD d'Kritik eegenen Aussoen no novollzéien. Allerdéngs wieren d'Memberen iwwer déi grouss Linnen informéiert ginn, esou de Generalsekretär vun der Doktesch- an Zänndokteschorganisatioun, de Guillaume Steichen
D'Konventioun, déi am Kontext vun der Corona-Kris entstanen ass, gesäit vir, d'Land an 13 Secteuren mat am Ganzen 52 Hebergementsstrukturen anzedeelen. Den Ament wier de System an zéng vun den 13 Secteuren ugelaf, esou de Generalsekretär vun der AMMD: Bei deenen aneren dräi, dorënner Miersch an den Norden, géifen et nach Problemer ginn.
Fir all Secteur ass een Dokter fir d'Coordinatioun vun de Garden an den Hebergementsstrukturen zoustänneg. D'Doktere mussen d'Garde an der Woch vun owes 8 bis moies 7 an de Weekend a wärend Feierdeeg vun owes 8 bis moies 8 assuréieren. Eng 80 Dokteren hätte sech bis ewell fir déi verschidde Garden ageschriwwen. De Guillaume Steichen appelléiert un d'Solidaritéit, fir datt méi Generaliste matmaachen.