Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik un Aussoe vum Roy Reding

Aussoen op soziale Medien

Kritik un Aussoe vum Roy Reding

De Chamberpresident an d'Presidente vun de Fraktiounen hu sech an hirer Sitzung haut komplett vum Roy Reding senge rezenten Aussoen op de soziale Medien distanzéiert a si hu se schaarf kritiséiert.

auto_stories

1 min

De Roy Reding (ADR) gouf wéinst sengen Aussoen op de soziale Medie kritiséiert. Foto: Archiv

"Ech fueren elo a Südafrika a bréngen doucen Omicron mat. Gratis. A fir de Rescht sinn ech am Streik!!!!", hat den ADR-Deputéierten do ë.a. geschriwwen. Hien hat och een Opruff gemaach, Widderstand ze leeschten.

Esou Aussoe kéint een absolut net guttheeschen, esou d'Reaktioun vum Chamberpresident Fernand Etgen (DP) op eis Nofro hin.

Déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain huet op Twitter d'Fro opgeworf, ob déi Aussoen opportun wieren:

Roy Reding: "Aussoe waren op Mesurë gemënzt"

Hien hätt net Wëlles bei senger Aarbecht als Deputéierten an als Member am Stater Gemengerot ze streiken, esou iwwerdeems de Roy Reding selwer. Dat mam Streike wier op d'Mesurë gemënzt gewiescht.

Et géif him ëm ëffentleche Protest géint déi annoncéiert Corona-Moossname goen, déi hie fir "total disproportionéiert" a fir falsch hält, esou den net-geimpfte Politiker.