arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik un der Positioun vun der éisträichescher Regierung

Éisträich

|
reading time

3 min

Kritik un der Positioun vun der éisträichescher Regierung

An Éisträich kommen ëmmer méi Stëmmen op, déi sech fir eng Opnam vu Mënschen aus dem Afghanistan ausschwätzen. Och déi gréng Regierungspartei huet sech elo kloer dofir ausgeschwat, nodeems si sech déi lescht Woch nach gedeckt gehalen hat. De konservative Regierungspartner ÖVP vum Bundeskanzler Sebastian Kurz bleift awer bei senger haarder Linn a fuerdert dëst och vun der EU an.

reading time

3 min

"2015 dierf sech net widderhuelen": dëse Saz huet déi konservativ Regierungspartei ÖVP an Éisträich déi lescht Woch ewéi ee Mantra widderholl. Et solle keng nei Flüchtlingen aus Afghanistan an d'Land kommen.

Och refuséiert Asyldemandeure wëllt een an den Nopeschlänner vum Afghanistan bréngen. "Do, wou déi europäesch Mënscherechtskonventioun Grenze setzt, muss et Alternative ginn": esou kléngt dat an de Wieder vum éisträicheschen Inneminister Karl Nehammer.

Deen ass souguer souwäit gaangen, d'EU-Kommissioun dofir ze kritiséieren, datt si d'EU-Memberstaaten dozou opgeruff huet, bedreete Leit aus Afghanistan opzehuelen: dat géif e falscht Signal senden, fënnt de Minister.

Elo kënnt awer ëmmer méi Kritik un dëser inflexibeler Haltung vun der Partei vum Sebastian Kurz op. Notamment de Migratiounsexpert Gerald Knaus, een Matinitiator vum EU-Tierkei-Flüchtlingsofkommes, sot am Interview mam Radiosender Ö1, datt ee Mënschen aus Afghanistan misst ophuelen.

An Däitschland géif et do tëschent all de Parteien - bis op d'AfD - Konsens ginn. "Ich finde es schade, dass die Politik der österreichischen Regierung die Politik der AfD ist."

Déi gréng positionéiere sech no enger Woch

Déi éisträichesch Regierung - dozou gehéiert och de grénge Koalitiounspartner, deen traditionell an Asylfroen eng ganz aner Positioun wéi d'ÖVP vertrëtt. Déi lescht Woch haten déi éisträichesch Gréng sech awer erstaunlech wäit zeréckgehalen, a kaum Kritik geüübt un der ÖVP hirer Rhetorik. An och wann, da koum dës Kritik just vu Vertrieder aus der zweeter Rei.

Iwwer de Weekend huet sech dat awer geännert: Mat der Birgit Hebein ass eng prominent gréng Politikerin elo aus der Partei ausgetrueden, dat aus Protest un der Haltung vun deene Gréngen.

Wie auch zuletzt auf der Demonstration "Leben retten jetzt" - an der sehr viele junge Menschen und afghanische Familien...

Posted by Birgit Hebein on Sunday, 22 August 2021

E Méinden dunn hunn déi Gréng offiziell Positioun bezunn. Si fuerderen eng europäesch Initiativ, déi souwuel op der Plaz hëlleft, wei och vulnerabel Mënschen aus Afghanistan an Europa bréngt. Och zu méiglechen Expulsiounen äusseren si sech elo kloer: déi kéint a wäert et net ginn.