Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Jordan Rakei - Freedom

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik un "Testflicht" fir Personal aus Betreiungsstrukturen

Covid-Gesetz

Kritik un "Testflicht" fir Personal aus Betreiungsstrukturen

D'Deputéiert vun der Gesondheetskommissioun an der Chamber hu sech de Moie mam neie Covid-Gesetz befaasst, dat jo e Sonndeg a Kraaft soll trieden. Vun Oppositiounssäit kommen divers Kriticken.

auto_stories

3 min

D'Deputéiert vun déi Lénk, Nathalie Oberweis, kritiséiert datt Mataarbechter aus Alters- a Fleegeheemer, souwéi Strukture fir Leit mat Handicap, elo obligatoresch zwee Mol d'Woch en negative Selbsttest musse maachen, ier se ufänke mat schaffen. Wann een keen Test wéilt maachen - aus wéi enge Grënn och ëmmer - kéint ee Problemer op der Aarbecht kréien. De Patron misst an deem Fall och seng Konsequenzen huelen.

D'Nathalie Oberweisplay_arrow

D'CSV begréisst hirersäits d'Testflicht an de genannte Strukturen. Dat wier eng Propos vum CSV-Deputéierte Michel Wolter gewiescht, esou de Claude Wiseler.

"Fir eis ass et wichteg, datt mir deenen eelere, vulnerabele Leit, eng grouss Garantie ginn. An obwuel an den Haiser déi Leit schonn - wa si et da wollten - geimpft sinn, ass et awer sou, datt mir wëssen, datt bei eelere Leit d'Impfungen net ëmmer erfollegräich sinn an net ëmmer zu enger Immunitéit féieren. An dofir ass et wichteg, datt en zousätzlech an trotzdeem datt d'Leit geimpft sinn, Virsiichtsmoossnamen hëlt. "

De Claude Wiselerplay_arrow

De Sven Clement vun der Piratepartei seet zum Beispill, hien hätt "Bauchwéi" wéinst de Schnelltester, déi mam neie Gesetz sollen 48 Stonne gülteg sinn, an net méi just een Dag. Dat wier eng reng politesch Entscheedung, déi keng wëssenschaftlech Basis hätt, bedauert den Deputéierten. Hie wéilt hei "ganz virsiichteg" si fir déi Schnelltester méi laang gülteg ze maachen, ewéi se ugeduecht sinn.

"Wann ee mat den Hiersteller schwätzt, wann ee mat den Doktere schwätzt, déi sech sou eppes këmmeren, déi soen ëmmer dat ass eng Momentopnam. A mir maache lo aus der Momentopnam eng Opnam vun 48 Stonnen, zwee Deeg, dat ass e bësse cocasse."

De Sven Clementplay_arrow

De Mars Di Bartolomeo, LSAP-Deputéierten a President vun der Santéskommissioun, mengt et wier aarbechtsrechtlech an der Rei en obligatoresche Selbsttest ze froen a Secteuren, wou d'Mataarbechter mat vulnérabele Leit schaffen.

"Aus menger Erfahrung ass e Patron responsabel fir d'Sécherheet vu senge Mataarbechter an awer och fir Sécherheet a Gesondheet vun deenen, déi vu senge Mataarbechter betreit ginn. Wann een eng Impfung resfuséiert, muss een acceptéierten datt de manner invasive Selbsttest gefrot gëtt."


Am proposéierte Gesetzestext, deen nach gestëmmt muss ginn, steet dëst iwwer d'Schnelltester:

"Les médecins, les médecins-dentistes, les pharmaciens et les professions de santé visées par la loi modifiée du 26 mars 1992 sur l'exercice et la revalorisation de certaines professions de santé sont soumis, dès lors qu'ils font partie du personnel d'un établissement hospitalier, d'une structure d'hébergement pour personnes âgées, d'un service d'hébergement pour personnes en situation d'handicap, d'un centre psycho-gériatrique, d'un réseau d'aides et de soins, d'un atelier protégé, d'un service d'activités de jour, ou d'un service de formation, à l'obligation de présenter deux fois par semaine à l'arrivée sur leur lieu de travail un test autodiagnostique servant au dépistage du SARS-CoV-2 réalisé sur place, et dont le résultat est négatif. Les structures mettent à la disposition du personnel des locaux, le matériel et les instructions nécessaires à la réalisation des tests. Les personnes vaccinées ou rétablies sont dispensées de l'obligation telle que visée à l'alinéa 1er . Au cas où le résultat du test autodiagnostique est positif, ou si les personnes visées à l'alinéa 1er refusent ou sont dans l'impossibilité de présenter un certificat tel que visé à l'article 3bis ou 3ter, l'accès au poste de travail est refusé aux personnes concernées."