De Michel Reckinger ass nieft sengem Posten als President vun der Unioun vun den Entreprisen, och President vun der Handwierkerfederatioun. Dem Aarbechtsminister no, huet dat bei de rezenten Diskussiounen iwwer een Ersatzgehalt fir Independante fir Confusioun gesuergt. An deene Verhandlungen hätt de Michel Reckinger a senger Funktioun als Handwierkervertrieder Aussoe gemaach, déi en du spéider als UEL-President revidéiert hätt, esou den Dan Kersch am 100,7-Interview.
Den Aarbechtsminister betount d'Regierung bräicht "verlässlech Partner" op déi se sech an Diskussioune kéint verloossen. D'UEL misst sech dofir d'Fro stellen, ob déi "duebel Fonktioun" vun hirem President "ubruecht ass".
Den Dan Kersch verschäerft domat seng Kritik um President vum Patronatsverband. En Dënschdeg hat den Aarbechtsminister RTL gesot, de Michel Reckinger wier "net frou mat de Sozialisten, net frou mat de Staatsbeamten, an net frou mat de Mindestlounbezéier."
Op d'Fro ob hien nom Sträit vun de lescht Deeg bereet wär e Schrëtt op d'Patronat duerzegoen, äntwert den Dan Kersch de Sozialdialog wier "kee Wonschconcert": D'Patronat misst "zur Kenntnis huelen, datt d'Regierung aus 3 Parteie besteet, wou d'LSAP den Aarbechtsminister stellt".
Hie géif net verlaangen, datt ee frou mat him ass, esou den Dan Kersch, mee all d'Sozialpartner missten an hirer Positioun "verantwortungsvoll fir hir Interêten antrieden".