Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik vun OGBL an LCGB um belsche Modell

Kierzung vun 38-Stonne-Woch

Kritik vun OGBL an LCGB um belsche Modell

Eng belsch Regierungspropose, no där d'38 Stonne-Woch op véier méi laang Schaffdeeg verkierzt soll kënne ginn, suergt international fir Diskussiounen. D'Meenunge ginn deels staark auserneen: esou gouf et vu Säite vun de belsche Gewerkschafte vehement Kritik. Zu Lëtzebuerg schléissen den OGBL an den LCGB sech dëser Kritik un.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Véier Mol néng an eng hallef Stonne pro Dag schaffen - dofir de fënneften Dag fräi kréien: Esou gesäit den neie proposéierten Amenagement vun der Aarbechtszäit an der Belsch aus. De belsche Modell wier awer keen Zeeche vu sozialem Fortschrëtt, mengt den Jean-Luc De Matteis vum OGBL:

"De Premier De Croo sot, dat ass eng Verbesserung vun der Work-life balance. Mee an engem Land wei Lëtzebuerg, wou d'Weeër laang sinn fir op d'Aarbecht ze kommen, vill Frontalieren, do géifen sech dann d'Aarbechtsdeeg immens verlängeren an d'Work-life balance géif dorënner leiden."

Änlech ass och d'Reaktioun vum Chrëschtleche Gewerkschaftsbond. Eng eenzel Mesure wéi an der Belsch wier net de richtege Wee fir d'Diskussioun ronderëm d'Organisatioun vun der Aarbechtszäit ze féieren, mengt den LCGB-President Patrick Dury:

"Ech hätt gären, datt mir eng Diskussioun féieren, wou mir iwwer e Wee eens ginn, wéi mir an déi Aarbechtszäit-Organisatioun do eraklammen. Ech wëll net vun enger 40- oder 38-Stonne-Woch schwätzen, mee vun insgesamt enger Liewensaarbechts-Zäitgestaltung, déi de Leit méi entgéint kënnt."

E besseren Equiliber tëschent Privat- a Beruffsliewe kéint duerch d'Reduktioun vun den Aarbechtsstonnen erreecht ginn - eng Revendicatioun, déi esouwuel vum OGBL wei LCGB gemaach gëtt. D'Reduktioun vun den Aarbechtsstonne kéint op verschidde Weeër geschéien, beispillsweis duerch méi Congé, d'Kierzung vum Schaffdag oder der Aarbechtswoch.