Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Claire Parsons - Ursa Major

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritt Bettenduerf ee Buergermeeschter mat duebeler Nationalitéit?

Gemengewalen

Kritt Bettenduerf ee Buergermeeschter mat duebeler Nationalitéit?

Gemengepolitik ass no beim Bierger. Dat gëtt mol ëmmer gesot. Mee wéi no ass se bei Bierger mat auslänneschen Originnen? Iwwer déi Fro gëtt all sechs Joer nees diskutéiert wa Gemengewalen ustinn. A se ass och dëst Joer aktuell. Dobäi ass et duerchaus méiglech sech an der Gemengepolitik ze etabléieren, och wann een net hei am Land opgewuess ass. Zu Bettenduerf bei Dikrech ass dat dem José Vaz Do Rio gelongen. An den 11. Juni wëllt hien esouguer nach méi erreechen.



auto_stories

4 min

De José Vaz do Rio wëll Buergermeeschter vu Bettenduerf ginn. (Foto: Lisa Lahos)

Et kënnt net esou dacks fir, datt déi kleng Bettenduerfer Gemengepolitik an déi grouss international Politik sech kräizen. Mee dem José Vaz do Rio ass dat Konschtstéck viru sechs Joer gelongen. Hien huet deemools zu Bettenduerf déi meeschte Stëmme kritt, an dat war och dem portugisesche President Marcelo Rebelo de Sousa opgefall. Deen huet dem José Vaz Do Rio och dunn direkt per Telefon gratuléiert. Mee och de portugisesche Staatschef konnt den agebiergerte Bettenduerfer net dovun iwwerzeegen, Buergermeeschter ze ginn.

"Parce qu'il faut de l'expérience d'abord. Le bourgmestre présente l'ordre du jour et nous, on vote oui ou non. Et moi, je dirai pour aller directement sauter une marche, c'est toujours possible, mais j'aurais eu beaucoup de difficultés que je n'ai pas aujourd'hui."

Genuch Erfarung gesammelt

Déi véier Éischtgewielte ware sech deemools eens: D'Pascale Hansen hätt als Schäffe méi Erfarung an dofir huet si dunn de Buergermeeschterposten iwwerholl. Mee dës Kéier trëtt de José Vaz Do Rio awer un, fir Buergermeeschter ze ginn, a seng Chance stinn och guer net esou schlecht: D'Pascale Hansen geet dës Kéier nämlech net méi mat an d'Course. An de José Vaz Do Rio ass ee Mann, deen zu sengem Wuet steet.

"Si moi je suis élu, je vais prendre mes responsabilités."

Déi néideg Erfarung an der Gemengepolitik konnt hien an de leschten zwielef Joer sammelen. Fir d'éischt am Gemengerot, duerno als éischte Schäffen. Op eng Parteikaart huet hien dobäi verzicht.

"Mon parti, c'est la commune et travailler, travailler, travailler."

Schaffen ass hie gewinnt: no 40 Joer Schichte schaffe beim Pneuenhiersteller Goodyear ass de José Vaz Do Rio zanter zéng Joer an der Pensioun.

Zwou Heemechten

Hien huet seng Jugend bis zum Ofschloss vum Militärdéngscht 1979 a Portugal verbruecht, mee seng zwee Kanner sinn zu Lëtzebuerg grouss ginn. An ënnert anerem deenen hir Situatioun inspiréiert hien a sengem politeschen Engagement. Säi laangjäregen direkten Noper, säi Fils, huet misse fortplënneren.

"Malheureusement, ça n'avance pas les terrains à bâtir. Alors il a acheté à Monsdorf. Alors c'est un peu plus loin pour moi."

An dobäi denkt hien och u seng eegen Zukunft. Déi gesäit hien zu Lëtzebuerg a sengem Heemechtsduerf Gilsdref. Natierlech geet hien och reegelméisseg zréck a Portugal, zréck a säin Duerf.

"Une fois par an, deux, trois semaines, mais mes enfants sont nés ici, mes petits-enfants sont nés ici, alors on va rester ici."

Mee trotz dëser enker Verbindung zu der Gemeng géif de Buergermeeschterposten Erausfuerderunge mat sech bréngen. Ee Grond firwat hien no de leschte Gemengewale gezéckt huet, d'Féierung vun der Gemeng ze iwwerhuelen, war nämlech, datt hie sech op Lëtzebuergesch net esou gutt ausgedréckt kritt, wéi op Portugisesch oder Franséisch.

"Je suis en train d'étudier. J'ai fait quatre ans de cours de luxembourgeois. Moi, je le comprends. La difficulté, c'est pour parler, mais ça va venir."

José Vaz do Rio

Eng Bréck fir auslännesch Bierger:innen

Dem Inneministère no gëtt et souwisou kee Reglement dat seet, datt an de Reunioune vum Gemengerot Lëtzebuergesch muss geschwat ginn. Mee an der Gemeng Bettenduerf ginn d'Reuniounen awer an der Reegel op Lëtzebuergesch geleet.

"Le bourgmestre est obligé de parler toutes les séances en luxembourgeois. Et ça je trouve bien."

Och wann hie sech am Franséischen nach méi wuel fillt ass hien elo prett, sech den Aufgabe vun engem Buergermeeschter ze stellen an huet d'Gefill, datt hie virun Allem fir déi auslännesch Bierger eng Bréck zu der Gemengepolitik kéint duerstellen. Do ass de Moment nämlech nach Loft no uewen.

"Eux ils me disent 'Oui José, moi je suis bien, la commune elle est bien pour nous, pourquoi je vais voter si je suis bien comme ça?', il faudrait quand même un peu se donner la peine, c'est une fois chaque six ans d'aller à Bettendorf ou a Gilsdorf voter."

Bal 23 Prozent vun den Net-Lëtzebuerger aus der Gemeng Bettenduerf hu sech fir d'Walen ageschriwwen, also bësse méi wéi de landeswäiten Taux vu bal 20 Prozent. Mat dem Resultat wier hien awer nach net zefridden, esou de José Vaz do Rio.