Radioen

On air

Tockcity  |  Mdou Moctar - Imouhar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kuerz virum Aféiere vum elektronesche Patientendossier

Dossier soins partagés

Kuerz virum Aféiere vum elektronesche Patientendossier

Den elektronesche Patientendossier, oder Dossier soins partagés (kuerz DSP), wéi e richteg heescht, gëtt et schonn hei am Land, mee nach just an enger Testphas. Ganz geschwënn awer wäert e verallgemengert ginn. Et hänkt just nach un engem Règlement grand-ducal. Dee läit de Moment am Gesondheetsministère, wou gekuckt gëtt, ob ee mat verschiddenen Awänn vum Staatsrot a vun der nationaler Dateschutzkommissioun liewe kann. Wann d'Santé kee Problem domat huet, kéint et ganz séier goen.

auto_stories

3 min

D'Pilotphas, déi am Hierscht 2015 ugefaangen hat, geet also ganz geschwënn op en Enn: während deenen da gutt dräi an en halleft Joer hu méi wéi 55.000 Leit fräiwëlleg en DSP opgemaach.

Keng eidel Dossieren am Pilotprojet

D'Dossiere goufen net just opgemaach, mee et goufen och Dokumenter dragesat. Eng gutt Noriicht fir den Hervé Barge, Generaldirekter vun der Agence eSanté, déi chargéiert ass, den DSP op d'Schinn ze setzen:

"On voit dans beaucoup de pays où il y a eu par exemple des opérations très larges, beaucoup d'argent qui a été investi, mais même pas la moitié des DSP ont un document. Donc ça, c'est aussi le côté très positif qu'on voit dans cette fin de phase pilote: pratiquement quatre documents par DSP en moyenne. Et donc on peut pressentir que le DSP dans sa phase généralisation sera plutôt un succès au regard des documents qui sont déjà dedans."

Informatioune fir eng besser Kommunikatioun

Wat sinn dat fir Dokumenter? Dat kënnen Analyse sinn, Radiografieen, soss nëtzlech Informatiounen, wéi zum Beispill iwwer fréier Krankheete vum Patient oder iwwer Medikamenter, déi hien net verdréit, op déi hien allergesch ass oder déi aus soss engem Grond net ubruecht sinn.

D'Finalitéit vum DSP ass et, d'Kommunikatioun tëschent de verschiddenen Acteuren, déi an der Prise en charge vum Patient zesummeschaffen, ze verbesseren.

Ass en Abus méiglech?

De René Pizzaferri, President vun der Patientevertriedung, huet kee Problem mam DSP, wann et nëmmen zum Gudde vum Patient ass. "Awer mir wëssen och, wat op der zweeter Säit vun der Medail steet."

Hien huet nämlech d'Suerg, datt d'Donnéeën, déi an deenen Dossiere stinn, ënner Ëmstänn ausgewäert an da fir Spuerzwecker mëssbraucht kéinte ginn. Och wann een net alles schlecht géif gesinn, géif d'Méiglechkeet awer bestoen, esou de René Pizzaferri.

De Patient bleift Meeschter iwwer seng Daten

Deem gëtt vun offizieller Säit entgéint gehalen, datt de Patient Meeschter iwwer alles bleift, wéi eng Informatiounen a säin Dossier kommen a wie se däerf kucke goen. Hie kann och zu all Moment erausfannen, wie wéini wéi eng Informatioun opgeruff huet. Wann den DSP elo generaliséiert gëtt, kritt jiddwereen een, deen hei krankeverséchert ass an dat d'office. Mee et muss keen e behalen, seet den Hervé Barge:

"C'est bien le opt-out, c'est à dire on envoie à tous les résidents et frontaliers concernés une ouverture du DSP. Et si les patients ne sont pas d'accord, ils ont un certain délai qu'on appelle une période blanche qui va leur permettre de fermer ce DSP, et il ne sera pas utilisé puisqu'il n'est pas opérationnel durant cette période blanche."

Iwwregens ginn déi Honnertdausenden DSPen net alleguer mateneen op engem Stéchdag X opgemaach, et wäerte Méint, eventuell bis zu dräi Joer vergoen, éier jiddweree säin elektroneschen Dossier huet.

D'Patientevertriedung wëllt iwwregens keng Recommandatioun maachen, erkläert de René Pizzaferri. Jiddweree misst dat fir sech selwer decidéieren, ob hien oder si en Dossier wéilt opmaachen. "Mir passe schonn op, an deene Gremie wou mir dra sinn, datt do keen Abus geschitt mat den Donnéeën", verséchert hien.

Digitaliséierung weiderdreiwen

D'Agence eSanté schafft iwwregens och un anere Projete fir d'Digitaliséierung (oder d'Dematerialisatioun) am Gesondheetsberäich virunzedreiwen. Mat am konkretsten ass d'e-Prescriptioun, also dat digitaalt Rezept. Den Hervé Barge erwaart sech, datt bis 2020 verschidde Prescriptioune kënnen digital verschriwwe ginn. Hie kéint sech virstellen, datt op d'mannst fir Lëtzebuerger Residenten dat zimlech séier kéint ageféiert ginn.

An iergendwann wäert een och seng Doktesch-Rechnung net méi mussen op Pabeier mam Bankextrait hannendru per Post op d'Krankekeess schécken. Dofir gëtt et awer nach keen Datum genannt.