D'Regierung proposéiert, fir ënner anerem d'Caféen, d'Restauranten, d'Theateren, d'Kinoen an d'Sportinfrastrukturen fir dräi Wochen zouzemaachen. Doheem soll een nëmme méi zwee Gäscht dierfen ëmfänken, déi aus engem selwechte Stot musse kommen. Och de Couvre-Feu tëschent 11 Auer owes a 6 Auer moies soll bis de 15. Dezember verlängert ginn.
D'Zil vu manner wéi 500 Neiinfektiounen, dat d'Paulette Lenert nach virun enger Woch als wichtegen Indicateur genannt huet, gouf net erreecht. Gëschter goufen iwwer 600 nei Fäll gemellt. Déi lescht siwen Deeg sinn et an der Moyenne 549.
De 500er-Seuil hat d'Gesondheetsministerin an der tëschent och relativéiert. "Ee richtege Sprong" no ënne wier néideg, fir laanscht zousätzlech Restriktiounen ze kommen - an domadder kuerzfristeg ze rechnen, wier "gewot", esou d'Gesondheetsministerin e Samschdeg op RTL.
Relevant Indicateure weisen net op eng staark Baisse vun den Infektiounszuelen hin
Effektiv, well wouhier sollt den Impuls kommen, fir datt d'Zuelen dräi Wochen nom Akraafttriede vun den aktuelle Restriktiounen, "spronghaft" zeréckgéife goen?
De Xavier Bettel hat e Freideg betount, wichteg Indicateure wieren och d'Projektioune vun der wëssenschaftlecher Covid-19-Task-Force, an d'Ofwaasserwäerter. An dës géife kuerzfristeg net op eng staark Baisse vun den Infektiounszuelen hindeiten. De Premier huet dann op eng éischter ëmständlech Manéier ze verstoe ginn, datt ee partielle Lockdown elo egal wéi néideg ass. Säin Argument: Soss misst eventuell zu engem spéideren Zäitpunkt ee méi strikten a laange Lockdown kommen.
Zil: Op ëm déi 200 Infektioune pro Dag erofkommen
De Chercheur Alexander Skupin vun der Task Force hat et géintiwwer dem Tageblatt esou formuléiert: Wann iwwer d'Feierdeeg nees méi Interaktioune solle méiglech sinn, da misst ee virdrun op ëm déi 200 Infektiounen den Dag erofkommen. Soss wier am Januar mat "gréissere Problemer" am Gesondheetswiesen ze rechnen.
Datt d'Chamber dës Woch iwwer nei Restriktiounen ofstëmmt, ass also héchst probabel. Ob et beim Mesurëkatalog bleift, wéi d'Regierung e proposéiert, bleift ofzewaarden.