Radioen

On air

Notturno  |  Sturgill Simpson - The Promise

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ L'ère du témoin

Zäithistoriker

L'ère du témoin

D'Iwwerliewend vun der Shoah si geschwënn net méi do fir ze temoignéieren. Den Zäithistoriker Denis Scuto geet op d' "Ère du témoin" an, e Begrëff, deen duerch d'Historikerin Annette Wieviorka gepräägt gouf.

auto_stories

2 min

Denis Scuto

Den Dout vum Aron Applefeld virun e puer Wochen, erënnert eis nees drun, datt d'Iwwerliewend vun der Shoah geschwënn net méi do sinn fir ze temoignéieren. Hien huet als Kand de Ghetto an de KZ a Rumänien an an der Ukrain iwwerlieft, well hie fortlafe konnt, an an engem Bësch vun enger Gangsterband adoptéiert gouf. Duerno huet hie seng Erliefnisser a Romaner verschafft.

Dat stellt d'Fro, ob mir domat d'Enn vun der Ära vum Zeien erliewen. "L'ère du témoin", esou huet d'Historikerin Annette Wieviorka d'Period vun den 1990er an 2000er Joren genannt. Ech hat d'Chance e Virtrag vun hir dozou an zur Fro "Qu'est-ce qu'un témoin?" Enn Oktober ze lauschteren. Dat war zu Paräis, op der Amerikanescher Universitéit, am Kader vun engem Workshop zum Visual History Archive, dee vum Steven Spielberg initiéiert gouf.

Fuerscher a Fuerscherinnen hunn hei doriwwer geschwat, wéi si déi mëttlerweil méi wéi 55.000 Videointerviewe mat Iwerliewenden an Zeie vu Genoziden analyséieren, interpretéieren an opschaffen. D'Fro, ob mir haut d'Enn vun der Ära vum Zeien erliewen, gëtt duerch de Visual History Archive schonn deelweis beäntwert. Déi Zeien hu Quellen hannerlooss, mat deenen d'Nowelt versicht d'Erfahrung vun der Vernichtung ze verstoen an z'erklären. Nieft der Shoah goufen a ginn donieft och vum Visual History Archive Interviewen opgeholl iwwer de Vëlkermord un den Armenier (am a nom Éischte Weltkrich), de Massaker un de Chinesen vun Nanjing (1937), de Genozid vun den Tutsi am Ruanda (1994) an de Massaker un de Maya am Guatemala (vun 1978 bis 1996).

Zentral ass d'Fro vum kritesche wëssenschaftlechen Ëmgang mat historeschen Zeienaussoen. Provokativ huet d'Annette Wieviorka hiren Exposé ugefaange mat bekannten Zeien, deenen hir niddergeschriwwen Erfahrunge verfilmt goufen. Bicher a Filmer déi enthusiastesch begréisst goufen. Mat engem klenge Problem. Déi sougenannten Zäitzeien hate gelunn. Si haten hir Geschicht erfonnt.