An déi am meeschte gefroten Alternativ wiere Wäermepompelen, stellt den Alexander Kieffer fest. Vill Leit wéilten aktuell hir Gas- oder Masuttsheizung duerch eng Wäermepompel ersetzen, well se deelweis fäerte géifen "datt de Krunn géif zougedréint ginn". Mee och finanziell Aspekter géifen eng Roll spillen, genee wéi ekologescher.
D'Demande wier den Ament ganz héich an et misst een deemno Gedold matbrénge wann een op eng Wäermepompel wéilt ëmklammen, well et momentan dräi bis sechs Méint géif daueren fir esou eng Anlag erbäi ze kréien.
Eng gewëss Panik, wéi se sech bei verschiddene géif installéieren, wier awer net ubruecht. Virun all Heizungswiessel sollt een eng genee Analys maachen. Gekuckt gi géifen dann ënnert anerem de järleche Verbrauch, wéi vill Leit am Stot géife liewen oder nach d'Wäermeverloschter vum Haus.
Wäermepompel ass net ëmmer déi bescht Alternativ
A verschiddene Fäll wier eng Wäermepompel nämlech net déi sënnvoll Alternativ. An a verschiddenen Situatioune wier se och net machbar.
"Well et villäicht e Geräischpeegel huet, deen ze héich ass. Oder respektiv an enger Konstellatioun vun engem Îlot vun Haiser sech befënnt, wou et net machbar ass eng Installatioun ze maachen ouni de Noper ze stéieren."
Béid - den Hausbesëtzer an den Installateur - missten deemno hir Hausaufgabe maachen an d'Gemengereglementer beuechten.
An e Suivi brauch et dann och no der Installatioun vun enger Wäermepompel: Do wier de richtegen Entretien wichteg, fir datt d'Anlag optimal funktionéiert, esou nach den Alexander Kieffer.