Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Laangfristeg 5000 Wunnenge schafen"

Fonds du Logement

"Laangfristeg 5000 Wunnenge schafen"

"Et muss een d'Blat ëmdréinen an no vir kucken", seet déi nei Presidentin vum Fonds du Logement. No den Turbulenze vun de leschte Joren wier elo Zäit fir een Neiufank, dee virun allem soll doraus bestoen "Rou an d'Struktur" ze bréngen, sou Diane Dupont. D'Stëmmung wier aktuell awer gutt an d'Equipe motivéiert.

auto_stories

2 min

headphones

20 min

play_arrow
Diane Dupont

Momentan stinn 3000 Dossieren op der Waardelëscht vum Fong. An den nächsten zwee Joer sollen 350 nei Wunnenge fäerdeg ginn. De Fonds du logement huet ee Virkafsrecht op Terrainen, déi no um Bauperimeter leien - sou kann no enger Ëmklasséierung direkt geplangt ginn. Allerdéngs géif et a verschidde Gemengen eng negativ Astellung géintiwwer Sozialwunnenge ginn, sou d'Diane Dupont. Generell géif ee gutt mat de Gemengen zesummeschaffen. Déi Leit, déi de Fonds du Logement wéilt logéieren, hätten ee Wunnengsproblem, seet d'Diane Dupont. Dofir wier si frou, "wa mir dee Stigma vum Fonds du Logement géife erofkréien".

"Kee Rekrutementsproblem"

D'Diane Dupont ass zanter dem éischte Januar am Amt, kuerz drop ass bekannt ginn datt mam Eric Rosin - no laanger Zäit - een neien Direkter fonnt ginn ass. Hunn déi Persounen, déi rezent agestallt goufen, missten iwwerzeegt ginn - no den Turbulenze vun de leschte Méint?

"Nee, absolutt net", seet d'Diane Dupont. Och bei de neie Posten déi ausgeschriwwe ginn, géife sech nach ëmmer vill Leit mellen. Et wier ëmmer nach attraktiv, fir beim de Fonds du Logement ze schaffen.

Kuerz- a laangfristeg Projeten

De Fong misst sech an Zukunft och erëm op seng Kär-Missioun konzentréieren, nämlech d'Schafe vu Miet-Wunnengen. Aktuell stinn 3000 Dossieren op der Waardelëscht fir eng Wunneng vum Fong ze lounen. D'Nofro ass also grouss - d'Diane Dupont seet, fir d'Lëscht ofzebaue misst ee Prioritéite setzen.

De Fonds du Logement géif an de nächsten zwee Joer, ronn 350 Wunnengen fäerdeg stellen. Laangfristeg wéilt een tëscht 4000 a 5000 Wunnenge schafen, woubäi verschidde Projete scho konkret an der Planung sinn, anerer nach net. Et géif een natierlech probéieren, fir déi Lëscht sou séier wéi méiglech opzeschaffen. 3000 Wunnengen op kuerz Siicht wier awer eng "Illusioun".

D'Diane Dupont ass zënter der Ofsetzung vum Daniel Miltgen am Joer 2015 déi drëtt Presidentin vum Fonds du logement.