Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Spirit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Landwirtschaft an/oder Naturschutz?

Chamberwahlen 2018

Landwirtschaft an/oder Naturschutz?

De Claude Turmes (déi gréng) plädéiert dofir, de Landwirtschafts- an den Ëmweltministère zesummenzeleeën. D'Martine Hansen (CSV) fënnt dat keng gutt Iddi. D'Landwirtschaft bräicht en eegene Ministère.

auto_stories

3 min

De Claude Turmes an d'Martine Hansen si béid Kandidaten am Norde fir d'Chamberwahlen de 14. Oktober.

D'CSV-Kandidatin am Norden, Martine Hansen, ass net der Meenung, datt een en eenzege gemeinsame Ministère misst schafe fir Landwirtschaft an Ëmwelt besser openeen ofzestëmmen. "Mir brauchen och do e staarke Landwirtschaftsministère, et ass e wichtege Wirtschaftssecteur, dee mir u sech och mussen ënnerstëtzen." Landwirtschaft an Ëmweltschutz misste matenee schaffen an openee lauschteren. "Mir brauchen e separate Landwirtschaftsministère", ënnersträicht d'CSV-Kandidatin am Norden.

De Kandidat fir d'Chamberwahle vun déi gréng a Staatssekretär am Ëmweltministère Claude Turmes mengt, datt et interessant wier, "wann d'Carole Dieschbourg an der nächster Regierung d'Chance hätt fir Naturschutz, Verbraucherschutz a Landwirtschaft an engem Ministère ze féieren." An der aktueller Regierung wieren et dacks "Friktiounen" tëschent Ponts et chaussées an dem Ëmweltministère ginn, mee et wier een ëmmer séier virukomm bei wichtege Projeten, an Naturschutz wier bei verschiddene Projete besser integréiert ginn. Dohier géif de Claude Turmes et "duerchaus gesinn, datt een esou eppes duerchaus kéint zesummeleeën".

Ausstig aus de Pestiziden an dräi Joer

De Claude Turmes wier iwwerdeems immens houfreg, datt d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg matgehollef hätt fir Monsanto a Punkto Glyphosat d'Stir ze bidden. Lëtzebuerg wier mat anere Länner zu Bréissel "Virreider" géint "dat Gëft" gewiescht. Et misst kloer sinn, datt een zu Lëtzebuerg weider eng Virreiderroll wéilt anhuelen, an dofir mengt de Claude Turmes zum Ausstig vu Pestiziden: "Innerhalb vun dräi Joer kënne mir erausklammen".

Fir D'CSV wieren dräi Joer och e realisteschen Zeenario, wann et Alternative géife ginn, seet d'Martine Hansen. Et géifen zwar scho vill alternativ chemesch Mëttel ginn, mee "dat kann net d'Alternativ sinn", seet d'CSV-Deputéiert. "Mir musse vläicht nach a verschidden aner Techniken investéieren." Dofir misst een zesumme mat der Landwirtschaft no neie Weeër sichen, an d'Landwirtschaft wier do sécherlech net dogéint, mengt si. Et wier awer wichteg, esou séier wéi méiglech dësen Ausstig ze packen an et misst een da kucke fir Alternativen ze fannen. Soubal déi do wieren, "klamme mir eraus", esou d'Martine Hansen.

Méi Bio

30-35 Prozent Bio bis 2030 wiere méiglech, seet de Claude Turmes. Fir datt méi Baueren op Bio-Landwirtschaft ëmklamme misst et méi finanziell Ënnerstëtzung fir si ginn an eng Logistik hannendrun, seet de Claude Turmes. D'Kantinne wieren hei wichteg Ofsazmäert.

D'Martine Hansen wëllt sech net op e Prozentsaz oder Zäitplang festleeën. Generell misst et awer méi Bio ginn, mee och dëser Regierung wier dat net gelongen. An de Kantinnen dierft net just Bio verschafft ginn, mee virun allem regional Produkter. Och déi konventionéiert-integréiert Landwirtschaft géif gutt Produite maachen. Am Kader vum neien Naturschutzgesetz wëllt d'CSV den Ökopunktesystem eventuell upassen.