Nieft der Dréchent zejoert géife sech mëttlerweil och déi waarm Temperature vum leschte Juni bemierkbar maachen, seet de Christian Wester. Dobäi kënnt, datt och d'Waasserreservë sech nom waarme Summer vun zejoert nach net erholl hätten.
Duerch den niddrege Waasserspigel an de feelende Reen, missten d'Bauere mat "Wuesstumsdepressioune bei sämtleche Kulture rechnen", sou de Christian Wester. Verschidde Baueren hätte Kärebestänn als Ganzplanze-Silagen (GPS) agedroen, fir hir Fudderbestänn, besonnesch fir de Wanter, méi grouss ze halen.
Dat hätt awer den Nodeel, datt d'Baueren hir Fudderreserven am Wanter mussen opstocken. De Landwirtschaftssecteur wier och staark vum Klima ofhängeg an dowéinst och direkt vum Klimawandel betraff, sou de Christian Wester. Dem Afloss vum Wieder kéint een als Landwirt schwéier entgéintwierken.
Op nationalem Plang suergt de Landwirtschaftsministère weider dofir, datt duerch déi sougenannten "Ertragsausfallversicherung" de Baueren a Wënzer eng Entschiedegung zoukënnt, sou de Landwirtschaftsminister Romain Schneider. Eng zukünfteg Erausfuerderung fir den Agrarsecteur gëtt d'Biolandwirtschaft. Bis 2025 sollen dem Koalitiounsaccord no 20 Prozent vun de Betriber zu Lëtzebuerg zu der Biolandwirtschaft gehéieren. Dofir soll och e Bio-Aktiounsplang opgestallt ginn, sou de Minister.
Bei der Bauerenzentral deelt een déi ambitiéis Ziler net. D'Visioun vun 20 Prozent Bio-Landwirtschaft wier dem Christian Wester no eng politesch Ideologie, déi de Gegebenheeten um Marché net géif Rechnung droen. De Lëtzebuerger Marché géif momentan nach net genuch Bio-Produiten nofroen, sou de Christian Wester.