Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Large-scale testing dréit Friichten

Test-Strategie

Large-scale testing dréit Friichten

An Tëschenzäit ginn am Kader vum Large-scale testing pro Dag 12.000 Tester op de Coronavirus duerchgefouert. D'Teststatioune wieren de Weekend bal zu 100 Prozent ausgelaascht, esou den Ulf Nehrbass vum Luxembourg Institute of Health. Et géifen ëmmer méi Leit d'Invitatioun fir e gratis Test unhuelen.

auto_stories

2 min

Den Luxembourg Institute of Health féiert dat ënner anerem op eng besser Kommunikatioun zeréck. "Dein Test, unser Sommer", esou den neie Message. Fir déi zweet Well ze reduzéiere sinn de Fuerscher no méi wéi 20.000 Tester pro Woch néideg.

Interessi fir Large Scale-scale testing däitlech geklommen

Bis de 6. Juli goufen am Kader vum Large-scale testing Scale Testing 268 Leit positiv getest. Dat si Leit, déi zum Deel guer keng Symptomer hunn, a sech net krank spieren, an doduerch fréi kënnen a Quarantän gesat ginn. Eleng gëscht goufe wéinst dem Large-scale testing 16 positiv Fäll entdeckt. D'Participatioun ass an Tëschenzäit op iwwer 50 Prozent geklommen, esou de Luxembourg Institute of Health. Mee et wier wichteg, datt souvill Leit wéi méiglech matmaachen. Bis Enn Juli soll all Bierger eng Invitatioun kritt hu fir sech am Kader vum Large-scale testing op de Virus testen ze loossen.

Wou stiechen d'Leit sech un?

Et géife vill Leit sech am Stot ustiechen, esou de Paul Wilmes vun der Fuerschungs-Task Force. Dofir wier et wichteg an der zweeter Testphase (vun August un) gezilt d'Stéit ze monitoren.

Gëtt et eng zweet Well?

Déi aktuell Zuele sinn "alarméierend" a kënnen op eng zweet Phase hindeiten, esou de Fuerscher Alexander Skupin vun der Fuerschungs-Task Force. Hie widderhëllt, wéi och schonn de Méindeg am 100komma7-Interview, datt een an enger kritescher Phase wier. Déi nächst Deeg géife weisen ob d'Infektiounszuelen exponentiell klammen.

Ofwaasser-Prouwe beleeën nach ëmmer: Virus zirkuléiert

D'Corona-Wäerter am Ofwaasser, déi d'Fuerscher kënne feststellen, beleeën, datt de Virus sou present ass den Ament wéi Enn Abrëll, esou den Henry-Michel Cauchie vum LIST. Zu Schëffleng an der Kläranlag (90.000 Leit) wieren d'Wäerter Enn Juni nees eropgaangen, och zu Beggen (140.000 Leit).