Test-Strategie Large-Scale-Testing: Laboratoires Réunis assuréiere Phas 2

Laboratoires Réunis maachen och déi zweet Phas vum Large-Scale-Testing. Dat huet d'Santé op Nofro hi confirméiert. Dës Phas soll ronn siwe Méint laang daueren. D'Kapazitéit vun den Tester pro Dag gëtt vun 20.000 op 10.000 erofgesat. Fir d'Gestioun vum Projet krut KPMG den Zouschlag. D'Campagne soll ronn 60 Milliounen Euro kaschten. Detailer iwwer d'Organisatioun ginn am Nomëtteg vun de concernéierten Acteure virun der Press presentéiert.

Corona-Test
Foto: Bigstock / diy13

D'Wochenzeitung d'Land hat dëst an hirer Editioun vum leschte Freideg gemellt.

Méi zum Thema

Pressekonferenz Research Luxembourg Covid-19 Task Force
Test-Strategie

Bis de 6. Juli goufen am Kader vum Large-scale testing 268 Leit positiv getest. Dat si Leit, déi zum Deel guer keng Symptomer hunn, a sech net krank spieren, an doduerch fréi kënnen a Quarantän gesat ginn.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen