Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Ahmad Jamal Trio - Dolphin Dance

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Laurent Loschetter demissionéiert

radio 100,7

Laurent Loschetter demissionéiert

auto_stories

1 min

De Laurent Loschetter demissionéiert als President an als Member vum 100,7-Verwaltungsrot. An engem Schreiwes un de Radio erkläert hien, datt de Verwaltungsrot elo sollt vun enger Persoun - oder engem Grupp vu Persounen - geleet ginn, déi eng professionell Erfarung am Mediesecteur hunn.

Ënner senger Presidence wier eng Responsabel fir d'Ressources Humaines agestallt ginn, de Budget vum Radio wier geklommen an den informatesche System wier erneiert ginn, heescht et weider am Schreiwes.

Déi wichtegst Missioun vum Verwaltungsrot wier gewiescht, fir no der Demissioun vum Jean-Paul Hoffmann virun engem Joer, een neien Direkter ze fannen: Mam Marc Gerges wier déi ideal Persoun fonnt ginn.

De Laurent Loschetter war am August 2017 fir véier Joer vum Regierungsrot als President vum Verwaltungsrot vum ëffentlech-rechtleche Radio genannt ginn.