An enger Partei géif et heiansdo Diskussiounen an dat wier dem Laurent Mosar no och normal. Et wier och net "anormal", datt och de Parteipresident sech un deenen Diskussioune bedeelegt.
Op d'Fro, ob hie sech géif wënschen, datt de Frank Engel nach laang Parteipresident géif bleiwen, äntwert de Laurent Mosar: "Wësst der, ech hu ganz vill Wënsch, an och meng Wënsch, déi ech hunn, wäert ech Iech elo de Moien net alleguer hei iwwer de Mikro erzielen."
Op weider Nofro, wëllt den CSV-Deputéierte sech och net positiv fir e Verbleif vum Frank Engel op dem Poste vum CSV-Parteipresident positionéieren.
"Dir sot net jo ..."
"Ech soen näischt."
Obwuel den CSV-President d'Aféiere vun enger Ierfschafts- a Verméigensstéier an d'Diskussioun bruecht hat, ass fir de Laurent Mosar kloer, datt seng Partei weider géint géint dës Stéierformen ass. Et géif weider de Walprogramm vun 2018 gëllen, esou den CSV-Deputéierten.