Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cactus: Eng Milliard Ëmsaz als Zil

RIICHT ERAUS

Cactus: Eng Milliard Ëmsaz als Zil

Eng Millioun Quadratmeter kommerziell Verkafsfläch ginn et de Moment hei am Land: an den nächsten dräi bis véier Joer soll dës Zuel ëm ronn e Véierel wuessen, duerch eng Rei nei Projeten, esou a "Riicht eraus" den Administrateur-Directeur vun der Supermarchés-Chaîne Cactus a Vizepresident vun der Handelskonfederatioun CLC.

auto_stories

3 min

Laurent Schonckert, Administrateur-Directeur vum Grupp Cactus

De Generaldirekter vum Cactus Laurent Schonckert gesäit dës Entwécklung net just als reelle Konkurrenzrisiko fir säi Grupp. Lëtzebuerg hätt elo scho mat déi gréissten Densitéit vu Geschäftsflächen an Europa, besonnesch am Beräich vun de Liewensmëttel. Och d’Groussregioun géif net schlofen an nei Projeten entwéckelen. Et wier een dofir net méi wäit ewech vun der Drëps, déi d’Faass iwwerlafe léisst, esou de Laurent Schonckert. Dës Iwwer-Offer kéint och negativ Konsequenze fir d’Geschäfter an de Stad-Zenteren hunn.

Bis elo hätten déi demographesch an déi ekonomesch Entwécklung vum Land gehollef, fir déi zousätzlech Offer z’absorbéieren. Net auszeschléisse wier also fir d’Zukunft e verstäerkte Verdrängungswettbewerb: “Da sinn et déi Staark déi nach do bleiwen an déi Schwaach déi verschwannen”, esou de Cactus-Generaldirekter.

D’Shopping-Mall als Treffpunkt

Trotz der méi grousser Konkurrenz duerch den Online-Akaf géif d’Konzept vum Shopping-Zenter nach ëmmer fonctionnéieren, huet de Laurent Schonckert an eiser Emissioun erkläert. D’Akafszentere wieren haut ee Lieu de Rencontre, esou wéi fréier den Duerfzenter oder d’Kierchen. Als Geschäftsmann misst e sech haut op de stationären Handel an op den Internet-Commerce astellen.

De Laurent Schonckert schléisst dann och net aus, datt de Grupp Cactus een neie Versuch kéint starten am Beräich vum Liewensmëttelverkaf iwwert Internet fir eenzel Clienten. Nom Echec mat “Cactus@home” hat de Grupp d’lescht Joer decidéiert, dëse Programm no knapp véier Joer ze stoppen. Et hätt e Léieren doraus gezunn. Wichteg wier zum Beispill eng héich Zuel vun offréierte Produkter.

Zousazkäschte vu fënnef Milliounen Euro

Déi lescht Indextranche, d’Steierreform an de Gehälteraccord am ëffentlechen Déngscht géife wuel méi Kafkraaft bedeiten. Den Index, d’Upassungen duerch de soziale Mindestloun an duerch de Kollektivvertrag géife fir de Grupp Cactus awer och däitlech méi héich Käschte bedeiten: de Laurent Schonckert schwätzt vu fënnef Milliounen Euro méi dëst Joer fir déi ganz Masse salariale.

De Grupp Cactus hat laut sengem Bilan 2015 Salaireskäschte vu ronn 129 Milliounen Euro.

Eng Milliard Euro Ëmsaz als Ziel

Den Ëmsaz louch 2015 bei 808 Milliounen Euro. De Grupp Cactus hofft d’Ziel vun enger Milliard Ëmsaz pro Joer kuerz- bis mëttelfristeg z’erreechen. Zum Grupp Cactus gehéiere 16 Societéiten: de consolidéierte Benefice louch 2015 bei ronn 47,5 Milliounen Euro. 2016 wier een am selwechte Beräich bliwwen, esou de Laurent Schonckert. Déi definitiv Zuele léichen nach net vir.

De Grupp Cactus beschäftegt ronn 4.000 Leit Personal: 25 Prozent dovu si Lëtzebuerger. Cacuts-Clientskaarte hätt een der 280.000 eraus ginn, esou de Generaldirekter.