Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LCGB: "Administrativ Hürde fir Betriber sinn ze héich"

Industriepolitik

LCGB: "Administrativ Hürde fir Betriber sinn ze héich"

Den LCGB-President seet d'Regierung géif am Moment eng Politik bedreiwen, déi "Aarbechtsplaze verhënnert, amplaz der ze schafen". De Réckzuch vum Jugurtsproduzent Fage wier eng "Faillite-Erklärung" fir d'Lëtzebuerger Industriepolitik an et géifen net déi richteg Léieren doraus gezu ginn.

auto_stories

2 min

De Patrick Dury wëllt fir e weidert Mandat als LCGB-President kandidéieren

Viru siwe Joer hätt den LCGB Diskussioune gehat, wéi een de Wirtschaftsmodell misst ännere fir de Sozialmodell kënnen ze finanzéieren. Deemools ass een dovunner ausgaangen, datt de Bankesecteur sech géif änneren duerch d'Ewechfale vum Bankgeheimnis. "Elo stellen ech fest, dat mer eise Wirtschaftsmodell quasi selwer futti maachen. Dat ass fir eis eng Katastroph", seet de Patrick Dury.

De President vum LCGB ka sech net doriwwer freeën, datt de Jugurtsproduzent Fage decidéiert huet awer keng Fabrick ze bauen. Au Contraire: et wier eng "Faillite-Erklärung" fir déi Lëtzebuerger Industriepolitik. Et géif net nëmmen ëm Fage goen, mee och beispillsweis ëm Knauf, d'Silo-Zentral vum Bauereverband. "Mir hunn eng ganz Rei vun esou Dossieren."

Fir de Patrick Dury gesäit et net esou aus, wéi wann elo déi richteg Léiere géife gezu ginn. Hie kritiséiert déi administrativ Hürde fir d'Betriber hei am Land wiere "vill ze héich". Den LCGB-President ass dofir der Meenung, datt och den Datenzenter, dee Google zu Biissen plangt, um Enn net gebaut gëtt.

Patrick Dury kandidéiert nach eng Kéier

De Patrick Dury wëllt fir weider fënnef Joer President vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond bleiwen. Hie wëllt um nächsten LCGB-Kongress an engem hallwer Joer fir e weidert Mandat untrieden.

Reporter.lu an d'Lëtzebuerger Land haten am Mäerz gemellt, et hätten ënner dem Patrick Dury vill Mataarbechter den LCGB verlooss an de President stéing wéinst sengem "autoritäre Féierungsstil" an der Kritik. Den LCGB-President weist dës Reprochen awer zeréck: den LCGB wier e Betrib, an datt Leit ee Betrib verloossen, géif zum Liewe vum Betrib dozou gehéieren. Méi wollt de Patrick Dury zu dem Theema awer net soen.