Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Trio Sud - Darn That Dream

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LCGB geheit Saint-Paul Direktioun Mëssmanagement vir

Sozialkonflikt

LCGB geheit Saint-Paul Direktioun Mëssmanagement vir

Wéinst dem ugekënnegten neie Sozialplang beim Medie-Grupp Saint-Paul hat den LCGB de Moien e Protestpiquet virum Siège zu Gaasperech organiséiert.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


D'Gewerkschaftssekretärin Céline Conter huet an hirer Ried d'Fro gestallt, ob 250 Leit Personal nach géifen duer goe fir e Lëtzebuerger Wort kënnen eraus ze bréngen. Et géif also och ëm d'Iwwerliewe vum Wort goen.

"Mir stinn haut hei beim Lëtzebuerger Wort, well et ëm e Skandal sans pareil geet", huet d'Céline Conter um Protest-Piquet betount. Schaarf Kritik gouf et un d'Adress vun der Direktioun, déi ënner anerem Mëssmanagement an Iwwerhieflechkeet virgehäit kritt.

Déi sanitär Pandemie géif benotzt ginn, fir sech "virum eegene Missmanagement ze verstoppen", sou d'Gewerkschaftlerin an hirer Ried. "D'Direktioun wëllt kee Sozialdialog, well si wëllt net op onbequem Froe mussen äntweren."

D'Direktioun vum Grupp hat Mëtt September ugekënnegt, datt 80 vun den 330 Mataarbechter hir Plaz solle verléieren. D'Verhandlunge fir e Sozialplang sinn aus Siicht vun der Direktioun gescheitert.

Véierte Sozialplang bannent zéng Joer

De Grupp Saint-Paul gehéiert zënter Enn Abrëll dëst Joer dësem belschen Aktionär.

An un den aktuelle Proprietär Mediahuis ass et den Appell déi lëtzebuergesch Gesetzgebung an de Sozialmodell ze respektéieren.

D'Céline Conter huet och drun erënnert, datt et de Moment schonn ëm de 4. Sozialplang bannent 10 Joer beim Grupp Saint-Paul geet.