Radioen

On air

Tockcity  |  Kasabian - Call

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LCGB-President: "Ech wëll dem Premier keng Zensur ausstellen"

Reaktioun op d'Ried zur Lag vun der Natioun

LCGB-President: "Ech wëll dem Premier keng Zensur ausstellen"

Den LCGB reageiert zeréckhalend op dem Premier seng Ried zur Lag vun der Natioun ufanks der Woch. Hie wéilt dem Xavier Bettel "keng Zensur" ausstellen, seet de President vum LCGB. De Patrick Dury betount awer, hien hätt a verschiddene Beräicher "konkret Mesurë" vermësst.

auto_stories

3 min

De Patrick Dury ass de President vum LCGB

Den LCGB géif fir d'Kafkraaft vun de Leit streiden, seet de Patrick Dury. D'Erhéijung vun den Accisen op Pëtrolsproduite géif d'Kafkraaft vun de Leit awer negativ beaflossen a wier dofir och net am Sënn vum LCGB.

Hie géif awer gläichzäiteg eng Tendenz erkennen, datt verschidde Leit prett wiere fir de Sprit méi déif an d'Täsch ze gräifen an och fir eng CO2-Tax ze bezuelen.

Konzepter an Ureegungen amplaz zousätzlech finanziell Belaaschtungen

Hie selwer ass der Meenung, datt een éischter sollt Konzepter ausschaffen a beispillsweis méi Bornen opstelle fir Elektro-Autoen ze lueden. Hie kéint sech och virstellen, datt de Staat d'Elektromobilitéit "eng Zäit laang sponsert", fir de Wiessel vun engem Gefier op dat anert ze fërderen.

D'Gratuitéit vum ëffentlechen Transport wier "u sech eng gutt Saach", de selwechte Moment misst dann awer och dofir gesuergt ginn, datt dësen esou ausgebaut gëtt, datt een en och effektiv benotze kéint. Den ëffentlechen Transport misst eng reell Alternativ sinn, dofir misst op dësem Punkt nach ganz vill geschéien, sou de Patrick Dury.

Patrick Dury: Schockéiert iwwer de Virstouss vum Patronat fir d'Tripartite ofzeschafen

Den LCGB-President Patrick Dury ënnersträicht op en Neits, et wier wichteg, datt d'Gewerkschaften d'Patronat an d'Regierung sech och an Zukunft a gemeinsame Reuniounen treffen. An esou Tripartite-Reunioune wéist een direkt, wou ee mat deenen anere Verhandlungspartner dru wier, sou de Patrick Dury.

"Et huet een direkt gemierkt, wat den anere gären hätt, an da konnt ee kucken, fir do op e Kompromëss ze kommen. Wann een dat net mécht - ech ginn do e Beispill, dat ass dat vun der Siderurgie hei am Land. D'Gewerkschaften hätten do gär eng Stoltripartite. D'Patronat seet zum Aarbechtsminister: 'Mir hu keng Kris, mir hunn do nëmmen eng kleng Reorganisatioun'. A mir ginn dann hannen erëm gewuer, datt 200 Plazen ofgebaut ginn. Do gesäit een, datt do net mat oppene Kaarte gespillt gëtt. Mee déi Situatioun do wier net geschitt, wa mir zu dräi zesummegesiess hätten."

Den LCGB-President seet sech dofir "entsat", datt de President vum Patronatsverband UEL virun dräi Woche gesot huet, hie wéilt sech net méi reegelméisseg fir gemeinsam Reunioune mam Aarbechtsminister a mat Gewerkschaften treffe fir iwwer d'Entwécklunge vum Aarbechtsmarché ze schwätzen.

D'Tripartite hätt an de leschte Joerzéngte gehollef de soziale Fridden am Land ze garantéieren. D'Patronat géif dat elo op d'Spill setzen, sou de Patrick Dury.