Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Le maire de Mamer"

Gemengewahlen

"Le maire de Mamer"

auto_stories

1 min

Zu Mamer huet d'CSV an d'LSAP direkt e Koalitiounsvertrag ënnerschriwwen, nodeems d'Resultater bekannt goufen. D'CSV behält hir sechs Sëtz, d'LSAP bleift weider bei dräi.

De Gilles Roth (CSV) hätt net domat gerechent, datt hie géif Buergermeeschter bleiwen. "Déi perséinlech Campagne, déi mäi Virgänger géint mech gefouert huet, dat huet net gutt gedoen." D'CSV wier mat enger gudder Equipe an d'Wahle gaangen an hätt e gudde Programm gehat. D'LSAP wier en zouverlässege Koalitiounspartner. Dofir wier et normal, datt een an där Konstellatioun wéilt weiderschaffen.

"Mir hunn elo 18 Joer gutt zesummegeschafft," seet de Roger Negri (LSAP). Well een d'Sëtzer behalen hätt, géif een net agesinn, firwat een net esou sollt weidermaachen.

Gilles Roth a Roger Negri annoncéiere Koalitioun zu Mamerplay_arrow