Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Them Lights - What Counts

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Legaliséierung vum Cannabis ass e positiivt Signal"

Projet Pipapo

"Legaliséierung vum Cannabis ass e positiivt Signal"

"Et ass net gutt, wa vill Leit e Gesetz oder eng Reegel net respektéieren. Dofir ass déi ugekënnegt Legaliséierung vum Cannabis e positiivt Signal", seet de Carlos Paulos vu Pipapo.

auto_stories

1 min

Mam Projet Pipapo vun der 4Motion Asbl gi Visiteure vu Concerten a Festivalen op déi verschidden Aspekter vum Drogekonsum sensibiliséiert. "Mir hunn hei Kontakt mat Fräizäitkonsumenten, déi am Prinzip kee problematesche Konsum hunn", seet de Carlos Paulos, Direkter vu 4Motion. Et gëtt dru geschafft, datt de Fräizäitkonsum och dat bleift, an net problematesch gëtt. Do kann eng Legaliséierung hëllefen, esou d'Aschätzung vum Carlos Paulos, well d'Konsumenten aus der Illegalitéit erauskommen.

Wichteg: Sensibiliséierung op villen Niveauen

"Mam juristeschen Aspekt ass et awer net gedoen", seet de Carlos Paulos. De gesondheetleche Volet misst gekläert ginn a wat den erzéieresche Volet ugeet, missten d'Leit preparéiert ginn, fir an deem Kontext responsabel Decisiounen ze huelen. Bei all Konsum ginn et Risken an doriwwer misst ee Bescheed wëssen.

Vill Ministèrë si konzentréiert!

De Justizministère wier net deen eenzegen, deen hei viséiert wier, mee och de Gesondheets-, den Erzéiungs- an eventuell och de Wirtschaftsministère. Et misst een un engem Dësch zesumme kucken, wéi ee virgeet. Et misst och iwwer e passende Modell fir Lëtzebuerg diskutéiert ginn. Coffeeshoppe wéi an Holland wieren ee méigleche Modell, mee net deen eenzegen.