Radioen

On air

Tockcity  |  Ibibio Sound Machine - Pull the Rope

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Legaliséierung vum Cannabis ass ee "juristescht Experiment"

Santé publique

Legaliséierung vum Cannabis ass ee "juristescht Experiment"

Déi etappeweis Legaliséierung vum Cannabis soll 2023 op hir lescht Ligne droite goen. D'lescht Joer gouf jo schonn e Gesetz presentéiert, dat et all Stot erlaabt, bis zu véier Cannabisplanze bei sech doheem unzebauen. Als nächst soll de Kader fir den Ubau a Verkaf vu medezineschem a rekreativem Cannabis opgestallt ginn. Ob dat bis zum Enn vun dëser Legislaturperiod awer nach finaliséiert ka ginn, kann d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert net garantéieren.

auto_stories

3 min

D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert schafft virun um Dossier Cannabis.

Wéinst der Covid-Kris huet de ganzen Dossier ronderëm d'Legaliséierung vum Cannabis missen no hanne geréckelt ginn, erkläert d'Paulette Lenert. D'Pandemie hätt all d'Ressourcë vun der Santé opgebraucht.

Doduerch wier et zur Decisioun komm fir de Projet mat de véier Planze virzezéien, sou d'Gesondheetsministerin. Dat wier legislativ manner komplex wéi de déi komplett Legaliséierung, Produktioun a Verkaf vum rekreative Cannabis, sou wéi en eigentlech am Regierungsprogramm virgesinn ass.

"Do si mir net sécher, op mir dat nach finaliséiert kréien ënnert dëser Legislaturperiod."

De Gesondheetsministère schafft enk mam Justizministère an den Acteure vun der Preventioun zesummen. Wat d'Legaliséierung vum rekreative Cannabis ugeet ass et nämlech net sou einfach, ee juristesche Kader opzestellen:

"Dat ass een Experiment, och vum Legalen hier, vum Juristeschen hier. Mir mussen ons an engem Kader beweegen, wou een als Zilsetzung huet, usech duerch de Projet ze weisen, dass een een Impakt op d'Santé publique huet, an engem positive Sënn."

Lenert: E positiven Effekt op d'Santé Publique muss nogewise ginn

Ier et souwäit ass, muss nämlech nach de Kader fir den Ubau a Verdreif vu medezineschem Cannabis gereegelt ginn. De Besoin no medezineschem Cannabis géif ëmmer méi grouss ginn, sou d'Paulette Lenert, mee aktuell ass Lëtzebuerg nach ofhängeg vum Ausland. Do sinn deelweis scho Modeller en Place, un deene Lëtzebuerg sech inspiréiere kann. Sou soll de Kader fir de medezinesche Cannabis un deem vu Portugal a Malta ugeleent sinn, wou de Staat jeeweils eng droend Roll spillt.

Preventioun weiderhi wichteg

D'Legaliséierung geet Hand an Hand mat enger elaboréierter Preventiounspolitik. Do schafft de Ministère enk mam nationalen Zenter fir Sucht-Preventioun, dem CNAPA, zesummen. D'Elena Bienfait, Direktesch vum CNAPA, begréisst d'Regulariséierung vum Cannabis. Eng repressiv Politik hätt keng Friichte gedroen. Dee Constat misst ee maachen, sou d'Elena Bienfait. Et misst ee sech awer bewosst sinn, datt et keng Léisung fir all d'Problemer ass.

"Et geet net ëm Abstinenz, well dat ass een Zil, wat an enger Gesellschaft net machbar ass. Awer et geet ëm eng Regulariséierung, fir déi Leit vum Schwaarzmaart fortzehalen, fir déi Leit net ze kriminaliséieren, fir ze enttabuiséieren."

Ziler, déi och d'Gesondheetsministesch verfollegt. Et géif virun allem drëms goen, een héichwäertegen an transparente Produit unzebidden. Wann eppes legal ass, kann een och méi oppen driwwer schwätzen, an doduercher fält d'Preventioun och méi einfach. Der Meenung si souwuel d'Paulette Lenert, wéi och d'Elena Bienfait.

Projet fir rekreative Cannabis soll am éischten Trimester 2023 stoen

Am Domaine vun der Suchtpreventioun wiere vill falsch Informatiounen am Ëmlaf. "Zum engem geet et an d'Verharmlosung, awer och an d'Dramatiséierung."

D'Preventiounscampagne vum CNAPA an dem Gesondheetsministère ass scho lancéiert. Bis d'Gesetzer definitiv gestemmt sinn, dauert et awer nach. Zum Ubau vun de Planze bei sech doheem waart een aktuell nach op den Avis vum Staatsrot. Wat de legale Kader vum medezinesche Cannabis ugeet goufen iwwert déi lescht Méint vergläichend Studië gemaach. Aktuell gëtt un engem éischten Entworf fir ee Projet de Loi geschafft. Dëse soll dann nach am éischten Trimester vun dësem Joer stoen. Da soll och dem Regierungsrot een éischt Konzept zum legale Kader vum rekreative Cannabis presentéiert ginn, sou nach d'Paulette Lenert.