Radioen

On air

Notturno  |  The Magnetic Fields - Strange Powers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Léiwer eng Kéier een Dossier net maachen, wéi een ze vill"

Wirtschaft

"Léiwer eng Kéier een Dossier net maachen, wéi een ze vill"

Affekote sinn ee wichtegen Uspriechpartner fir Clienten, déi hei am Land eng Societéit hunn oder wëlle grënnen. D'selwecht wéi Banken an Notairë mussen och Affekoten d'Anti-Geldwäsch-Bestëmmunge respektéieren. Dozou gehéiert, fir d'Identitéit vun de Clienten an den Ursprong vun de Suen ze iwwerpréiwen. Wéi gewëssenhaft ginn dës Kontrolle gemaach?

auto_stories

7 min

De ganzen Interview mam Alain Steichen lauschterenplay_arrow

Affekote kënne bei der Firmegrënnung an dem Choix vun der Firmestruktur hëllefen, als Steierberoder intervenéieren, oder och bei der Domiciliatioun a Gestioun vun enger Societéit eng Roll spillen. Dobäi dierfen awer keng Suen aus enger illegaler Aktivitéit am Spill sinn, ewéi dem Drogenhandel oder enger Steierfraude.

Detektivaarbecht beim Client

Affekoten hunn dowéinst d'Obligatioun hir Cliente an den Ursprong vun de Sue genau ze kennen. Bei "Bonn, Steichen & Partners" sinn dofir sougenannten "Know-Your-Customer"-Manager zoustänneg, déi eng Zort Detektivaarbecht leeschten. Eng wichteg Hëllef sinn Abonnementer bei digitalen Datebanken, erkläert den Alain Steichen:

"Dat ass da payant. Dat kascht méi wéi 10.000 Euro d'Joer. Där ginn et der dräi-véier. (...) do kann een dann d'Nimm vun de Leit aginn, wou een da mengt, datt se eppes mat der Gesellschaft zu Lëtzebuerg ze dinn hunn oder déi als Bénéficiaire économique kéinten optrieden, wou ee sech da probéiert schlau ze maachen iwwer d'Legalitéit vun hiren Aktivitéite par rapport zum Blanchiment."

Sou international wéi d'Cliente vun der Finanzplaz, sou opwänneg kënnen dann och d'Recherchë sinn. Et géif oft virkommen, datt den Know-Your-Customer-Manager bei den Affekot géif goen a soen, en hätt eppes an enger italienescher Zeitung fonnt a kéint "keen Italienesch, kee Russessch, kee Chinesesch." Do misst een da kucken, "sech gescheit ze maachen".

Gewëssenhaft Kontroll...

Transparent Firmeregësteren, an deenen déi effektiv Besëtzer vu Societéite mussen opgefouert ginn, géifen och den Affekoten d'Aarbecht vereinfachen, seet den Alain Steichen an nennt ee Beispill:

"Wann eng englesch Gesellschaft Aktionär gëtt bei der Constitutioun vun enger Lëtzebuerger Gesellschaft, da geet et mir net duer, wann déi Persoun déi optrëtt fir déi englesch Gesellschaft ze vertriede mir seet, si wier de Bénéficiaire économique. Da wëll ech dat kënne verifiéieren. A wann ech dat an England vergläichbar einfach ewéi zu Lëtzebuerg ka verifiéieren, da maache mir dat. Mee dat geet mat Sécherheet net an all Land."

Bei "Bonn, Steichen & Partners" dierft keen Affekot op engem Dossier schaffen, ouni de Know-Your-Customer-Manager anzebannen. Zousätzlech zielt den Avis vum Alain Steichen selwer, als ee vun de Managing Partner:

"Mir hunn d'Tendenz éischter méi streng ze sinn, a soen: 'Léiwer eng Kéier een Dossier net maachen, ewéi een ze vill ze hunn.' Anerer kënnen dat vläicht anescht gesinn. Mee et ass eng Aarbecht, déi als Affekot letztendlech doranner besteet d'Auswäertung ze maache vun deem, wat um Internet ka rausfonnt ginn, iwwer wat déi Persoun an hirem Land mécht oder an anere Länner, wat kritikabel kéint sinn. An dat ass net ëmmer ganz einfach an heiansdo muss een och ofweien."

Ginn et Clienten, bei deenen ee generell méi virsiichteg ass? Dat wier eng delikat Fro, äntwert den Alain Steichen. Mee effektiv hätt hie bei verschiddene Länner ee "mulmegt Gefill". Dorënner Russland, dat a sengen Aen ze vill "opaque" wier:

"Do ass mengen ech, wéi soll ech dat elo soen, eng Partnerschaft, tëschent den Oligarchen an dem politesche System, déi mécht, datt awer eng gewësse Gefor do ass, datt wann ee fäerdeg ass eppes gemaach huet, wat een duerno bereit. Dat ass vläicht altersbedéngt, wat ee méi al gëtt, wat ee méi virsiichteg gëtt. Do hunn ech léiwer, ech maachen een Dossier manner a schlofe gutt, ewéi ech ginn ee gewësse Risiko an, an ech bedaueren et duerno."

Zu Lëtzebuerg schaffe bal 3.000 Affekoten. Déi meescht dovunner a klenge Firme mat manner ewéi zéng Affekoten. De Käschtepunkt vun enger seriéiser Iwwerpréiwung vun de Clientë wier fir kleng Firme méi schwéier ze droen, mengt den Alain Steichen.

...bei sech selwer

Datt och Reviseuren, Nottären a Banken de Client mussen iwwerpréiwen, géif et dem Affekot net erlaben, fir den Dossier manner genau ze kucken. D'Iddi ass dem Alain Steichen no net, datt ee sech op déi aner verléisst. D'Effikassitéit vum System kéim dohier, datt alleguer d'Intervenanten hir eege Kontrolle gewëssenhaft maachen:

"Mir hunn awer ganz vill méiglech Leit, déi dat rout Duch zum richtegen Zäitpunkt kënne beweegen, well si eppes entdeckt hunn. Wann deen een et net entdeckt, wäert deen aneren et entdecken. Et wäert mech awer wonneren, wa véier-fënnef professionell Intervenanten alleguer ëmmer géifen derlaanscht goen."

D'Bankenopsiicht CSSF kontrolléiert ënner anerem, ob d'Banken hiren Obligatioune beim Anti-Blanchiment nokommen. Bei den Affekote gëtt et keng esou extern Kontroll. Als liberale Beruffsstand hunn d'Affekoten iwwer den Ordre des Avocats eng eege Kontrollinstanz. An déi wier duerchaus effikass, fënnt den Alain Steichen - seng Etüd wier bannent de leschten 18 Méint "eemol sur place an eemol op Pabeier" kontrolléiert ginn:

"Ech fannen net, datt dat immens lusteg ass, wann ech dem Barreau muss Ried an Äntwert stoen. Well ech weess, datt ech do kee fannen, dee seet: 'Maach wéi s Du wëlls, well mir drécken een Aen zou'. Dat si Leit, déi hunn eng Aarbecht ze maachen. An déi maachen dat sou seriö wéi se kënnen."

Et géif een individuellen an ee kollektiven Interessi ginn, fir den Anti-Blanchiment Eescht ze huelen, mengt den Alain Steichen:

"Also mir wëllen als Affekot jo och net hunn - also ech schwätzen elo fir mech - datt ech associéiert gi mat iergendengem schwaarze Schof, dat ech elo net kennen, dee Blanchiment mécht. Da sot Dir mir beim nächste Gespréich um 100,7, Dir Affekote maacht alleguer dat nämmlecht. Da sinn ech och net frou."

#openlux: Den Efforten net Rechnung gedro?

D'OpenLux-Recherchë vun internationale Medien hätten den Efforten, déi Lëtzebuerg a Saachen Transparenz an Anti-Blanchiment gemaach huet, net genuch Rechnung gedroen, sou d'Conclusioun vum Alain Steichen:

"Mir hunn zënter sechs Joer zumindest ee Paradigmewiessel net nëmmen deklaréiert, mee och engagéiert a realiséiert, deen doranner besteet, datt mir net wëllen, datt iwwer Lëtzebuerg Transaktioune gemaach ginn, wou Steierhannerzéiung gemaach gëtt. Sou oft, wéi de Finanzminister dat gesot huet, muss ee sou lues awer ufänken dat ze gleewen."

Zu deenen Efforte géif och de Regëster zielen, an deem déi effektiv Besëtzer vu Societéite musse gemellt ginn. Dëse Regëster géif der Finanzplaz hëllefe fir onerwënschte Clienten ofzeschrecken, fënnt Alain Steichen.

Regëster: 25-Prozent-Regel ass "Quatsch"

D'OpenLux-Recherchë vun enger Rei internationale Medien hätten awer och Schwaachpunkte vum Regëster opgewisen. Notamment wier et "Quatsch", datt just d'Besëtzer vun op d'mannst 25 Prozent vun enger Societéit am Regëster opdauchen, fënnt den Alain Steichen. Amplaz sollten all d'Besëtzer genannt ginn, mat der Informatioun wéi vill Prozent vun der Societéit hinne gehéieren:

"Dat fannen ech méi sënnvoll, wéi wann een da par défaut just de Gerant vun der Gesellschaft hëlt, dee ganz kloer just entweder ee Salarié ass, dee schafft fir déi Leit, oder een independenten Administrateur, deen Honorairë kritt, fir dat wat e mécht. Mee am Fong geholl keen direkte Benefice huet vun de Suen déi do an där Gesellschaft erwirtschaft ginn."

Mee och wann eng Persoun 100 Prozent vun enger Societéit besëtzt, ka se sech reng theoretesch laanscht eng Deklaratioun am Regëster drécken. Dëst andeems se sech - entgéint de legale Virgaben - hanner Stréimänner verstoppt. Den Alain Steichen geet awer net dovunner aus, datt dat esou geschitt:

"Well d'Leit jo awer hoffentlech, als Professioneller, déi do intervenéieren, sech bewosst sinn, wa si hiren Numm hierginn als Bénéficiaire économique, ouni et reell ze sinn, datt si sech do enger grousser Strof exposéieren, sou datt et et net wäert ass. Mee ech kann Iech awer elo net soen, ob mir esou schwaarz Schof zu Lëtzebuerg hunn. Vläicht. Vläicht och net. Ech wëll et awer net ënnerstellen."