Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Last Frontier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Les Républicains an der Identitéitskris

Frankräich

Les Républicains an der Identitéitskris

A Frankräich ass dëse Sonndeg den éischten Tour vun de Regionalwalen. Déi riets-konservativ Partei Les Républicains kéint den Ëmfroen no a bis zu dräi Regiounen hir Spëtzt verléieren. Fir eng Partei, déi traditionell um regionalen Niveau hir Stäerkt ënner Beweis stellt, kéint dëse Verloscht an eng Kris féieren. Sech dovunner virun de Presidentschaftswalen nächst Joer ze erhuele kéint schwéier ginn, mengt de Léonardo Kahn.

auto_stories

3 min

"Que restera-t-il de la droite?" Dës Fro versiche Journalisten a Politologen zanter Méint a Frankräich ze beäntwerten. Kuerz virun de Regionalwale leien d'Ëmfroewäerter vun de riets-konservative "Républicains" op engem historeschen Déifpunkt.

Och wann d'Partei an de leschte 60 Joer fënnef Mol hiren Numm geännert huet, ass se an der franséischer Republik eng politesch Konstant. Georges Pompidou, Valéry Giscard d'Estaing, Jacques Chirac, Nicolas Sarkozy: d'Majoritéit vun de Presidente koumen déi lescht Joerzéngten aus dem reits-konservative Lager. Mee eng weider Presidentschaft 2022 ass onwarscheinlech.

D'Wielerschaft léisst sech op

Den LR stécht an enger déiwer Identitéitskris, well seng Wielerschaft sech an der Regierungspartei La République en Marche an der riets-extremer Partei Rassemblement National opléist. Den Emmanuel Macron ass wärend sengem Mandat tendenziell e rietse Kurs gefuer. Seng Partei huet eng Rei Gesetzesprojete lancéiert, déi der Police méi Muecht ginn, d'Moslem am Land weider stigmatiséieren an d'Immigratioun erschwéieren.

Dat ass strategesch och sënnvoll, vu datt seng gréisst Konkurrentin fir d'Presidentschaftswalen déi riets-extrem Kandidatin Marine Le Pen ass. D'Spëtzekandidatin vum Rassemblement National versicht hirersäits hir Partei ze "dediaboliséieren", wéi et a Frankräich heescht. Hir Politik bleift riets-extrem, mee an hirem Discours setzt d'Marine Le Pen sech fir Homosexueller, Judden an d'Ëmwelt an. D'Regierungspartei spréngt e Saz no Riets, den RN een no Lénks - an dotëscht ginn d'Republikaner zerquëtscht.

D'Ëmfroe gesinn net gutt aus fir Les Républicains

Bal zwee Drëttel vun de Fransouse fannen, datt d'Republikaner entweder bei d'Regierungspartei oder bei de Rassemblement National wiessele sollten, heescht et an enger rezenter Etüd vum Meenungsfuerschungsinstitut Ipsos. Dëser Meenung si souguer een Drëttel vun de Befroten, déi d'Republikaner selwer wielen.

Dës Identitéitskris léist sech aktuell an den Ëmfroewäerter vun de Regionalwalen ofliesen. An der Regioun Provence-Alpes-Côte-d'Azur hu sech d'Regierungspartei an d'Republikaner zesummegesat fir de Rassemblement National ze klappen - den Ament ouni Aussiicht op Erfolleg. Och an der Grenzregioun vu Lëtzebuerg, dem Grand-Est, kéinten d'Rietsextremiste géint d'Republikaner gewannen. An am Nord-Osten an der Regioun Pays-de-la-Loire kéint den LR onerwaart géint d'Ekologiste verléieren.

Fir een definitive Bilan bleift den zweeten Tour um 27. Juni ofzewaarden. Wann dann d'Partei dann effektiv an enger oder zwou Regioune verléiert, ass hir Legitimitéit fir eng nächst Regierung op nationalem Niveau ze stelle weider geschwächt. D'Reelektioun nächst Joer vun enger moderéierter Droite à la Sarkozy wier dann héchst onwarscheinlech.