Radioen

On air

De Moien  |  Iron & Wine - Anyone's Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg a Japan kollaboréieren am Weltraum

Staatsvisite

Lëtzebuerg a Japan kollaboréieren am Weltraum

Bei der Staatsvisite zu Tokio gouf en Accord mat Japan fir eng Kooperatioun am Weltraum-Secteur ënnerschriwwen. De Grand-Duc an d'Prinzessin Alexandra hu mat der keeserlecher Koppel de Space Centre vun der Japan Aerospace Exploration Agency besicht. Ee Betrib, dee sech als interessante Partner fir Lëtzebuerg duerstellt.

auto_stories

3 min

JAXA, déi japanesch Agence fir d'Exploratioun vum Weltall, hat als éischte Betrib d'Technologie entwéckelt, fir op engem Asteroid Matière anzesammelen an zréck op d'Äerd ze bréngen. Den Ament ass d'Missioun Hayabusa 2 ënnerwee. Déi soll am Juni 2018 op engem Asteroid tëscht dem Mars an der Äerd landen. Eng weider Missioun, Destiny Plus, soll 2018 lancéiert ginn.

Den Dr. Hitoshi Kuninaka, Direkter vum Space Exploration Innovation Hub Center Jaxa huet e groussen Deel un der Entwécklung vun deene Satellitte bäigedroen. "Koméite stousse vill Stëbs an de Solarsystem aus. Verschiddener dovunner kommen zréck bei d'Äerd. Hei iwwerdroe si méiglecherweis Stëbs op Asteroiden. Duerch Satellitten, wéi Destiny Plus, wëlle mir déi wëssenschaftlech Komponente vun deem Stëbs analyséieren."

Den Hitoshi Kuninaka

D'Matière, déi op deene Missioune gesammelt gëtt, soll Opschloss bréngen iwwert d'Entstoe vum Solarsystem a vun der Äerd.

Fuerschung am Kibo

Lëtzebuerg wëllt mat JAXA zesummeschaffen. Ënnert anerem wat d'Technologie fir den Transport am Weltraum ubelaangt. En deementspriechenden Accord gouf um Mëttwoch mat Japan ënnerschriwwen. Eng Kooperatioun wier och méiglech am Beräich vun der Biotechnologie, déi Lëtzebuerg sech als Diversifikatiounsstanduert ginn huet, seet de Wirtschaftsminister Etienne Schneider.

Jaxa ass nämlech och an der Fuerschung am Weltall ganz aktiv. 2009 gouf de Module Kibo un d'International Space Station am Weltraum ugeschloss, zënterhier ginn an dësem Laboratoire Experimenter duerchgefouert, an deene liewenswichteg Erkenntnisser gewonne ginn. Den Astronaut Wakata Koichi war dräimol op der ISS an huet an deem Module geschafft. Virun allem Pharmakonzerner géifen hei fuerschen. Zum Beispill fir nei Medikamenter géint den Influenza Virus oder d'Muskeldistrophie z'entwéckelen. "D'Wëssenschaftler notzen d'Mikrogravitatioun am Kibo, fir ee Protein-Kristall groussflächeg erunzezéien, deen et méi einfach mécht, déi Krankheet z'erfuerschen a Medikamenter z'entwéckelen."

D'Käschte vum Space Mining

Déi gréissten Erausfuerderung beim Space Mining gesäit de Wakata Koichi bei der Reduzéierung vun den héije Käschten, déi ufalen, fir Matièren aus dem Weltall op d'Äerd ze bréngen. Kompetitioun tëscht ville Länner wier gutt, fir de Käschtepunkt ze reduzéieren.

De Wirtschaftsminister Etienne Schneider ass zouversiichtlech, datt dat an den nächste Joren erreecht gëtt. Duerch Quantitéit kéint een de Käschtepunkt drécken. Wa méi Entreprisen Accès hätten, géife sech nei Business-Modeller am Espace entwéckelen.

Virun de Chamberwahlen d'nächst Joer wëllt de Minister nach d'Agence Spatiale gegrënnt kréien an den Investmentfong fir d'Space Resources op d'Been stellen. Et géif drëm goen, sou mann wéi méiglech ëffentlech Gelder an dee Secteur fléissen ze loossen, a privat Investisseuren ze fannen. Op deem Punkt wier een den Ament a fortgeschrattene Gespréicher mat Risiko-Kapitalgeber, déi staark dorun intresséiert wieren, fir sech zu Lëtzebuerg op déi Start-Uppen am Kader vun der Space-Resources-Initiativ ze spezialiséieren.

Kollaboratioun mat Japanplay_arrow