D'Francine Closener ass frou iwwer d'Rekord Visiteurszuelen zu Lëtzebuerg: "Mir hunn den Tourismus professionaliséiert", seet si. D'Ëmstrukturéierunge vun de regionalen Touristebüroen an dem ONT (Office National du Tourisme) géifen eng méi professionell Zesummenaarbecht erlaben. Virdru wier am Tourismus nach villes méi amateurhaft gemaach ginn.
150.000 Leit um Mëllerdall Trail
Ville Leit géifen haut Rou an "Entschleunegung" sichen. Dofir wier d'Natur ee vun de Piliere vu där neier Tourismus-Strategie, nieft de Stied an dem kulturellen an industrielle Patrimoine. Datt zejoert 150.000 Leit de Mëllerdall Trail gaange sinn, wier "phenomenal", sou d'Francine Closener. Dat géif weisen, datt Lëtzebuerg sech och als Wanderdestinatioun en Numm gemaach huet.
Elo géif awer nach dru geschafft ginn, zesumme mat Däitschland, fir d'Wanderweeër zu Lëtzebuerg nei ze gestalten an ze verbesseren. D'Leit géifen haut och beim Wanderen e ganze Package erwaarden - mat virun allem och méi Méiglechkeeten, fir ënnerwee eppes ze iessen oder ze drénken.
1.500 Better méi
Bei den Hotel- an aneren Iwwernuechtungsméiglechkeete wier nach Nohuelbedarf, sou d'Francine Closener. Si wier awer frou, datt an den nächste Joren, mat konkreten Hotel-Projeten, eng 1.500 Better méi géifen derbäi kommen.
De Projet Esch 2022, mat Esch an de Südgemengen als Kulturhaaptstad, wier e super Projet an eng grouss Chance, och fir den Tourismus. D'Staatssekretärin begréisst deemno, datt den Tourismus mat Esch 2022 associéiert ass.
Neie Convention Bureau
De Kongress-Tourismus wier eng wichteg a lukrativ Branche vum Tourismus zu Lëtzebuerg. Kongresstouriste géifen och dacks méi Suen ausginn.
An Zukunft soll de Konferenztourismus awer nach méi geziilt un d'Ziler gebonne ginn, déi d'Regierung sech gesat huet, fir d'Ekonomie ze diversifiéieren. Wa Secteure wéi ICT (Information and Communication Technologies), Eco-Tech, Gesondheets-Technologien oder Logistik zu Lëtzebuerg gefërdert ginn, wier et logesch, datt een och Konferenze ronderëm déi Beräicher organiséiert, sou d'Staatssekretärin.
An Zukunft soll och e fuschneie Convention Bureau op Lëtzebuerg kommen. Wouhin dee soll kommen, huet d'Francine Closener awer net verroden.
Oppenheet, Zouverlässegkeet, Dynamik
Dës dräi Valeure goufen als typesch fir Lëtzebuerg festgehalen, an der Nation Branding Campagne, ënner dem Slogan: "Luxembourg: Let's Make it Happen". Déi Valeure wieren och authentesch a géifen der Realitéit entspriechen, mengt d'Francine Closener.
De Referendum vun 2015 iwwer d'Auslännerwahlrecht, wou déi grouss Majoritéit mat Nee gestëmmt huet, gesäit si net als Zeechen, datt déi Lëtzebuerger "Oppenheet" vläicht éischter um Pabeier existéierte géif, wéi an de Käpp vun de Leit.
Dee Referendum misst een als "Moment-Opnam" ugesinn, sou d'Francine Closener. D'Geschicht hätt soss ëmmer gewisen, datt Lëtzebuerg en oppent Land wier. An den héijen Undeel vun Auslänner hei am Land géif vun anere Länner bewonnert ginn.
Sport a Kultur als Nation Branding
D'Francine Closener ass frou, datt net just d'Wirtschaft, mee och de Lëtzebuerger Sport sech enk mat der "Let's Make it Happen" Campagne associéiert huet. Am Sport géif de Slogan an de Logo vun der Campagne gutt fonctionnéieren.
Elo géif och probéiert ginn, d'Kultur méi mat an d'Boot ze kréien. Well och do hätt Lëtzebuerg international eppes ze bidden. Et wier awer net esou, datt Kënschtlerinnen a Kënschtler an Zukunft en T-Shirt mam Nation Branding-Slogan sollen undoen, verséchert d'Francine Closener.
Ob der Sich nom Lëtzebuerger Objet
D'Regierung sicht nach ëmmer nom Lëtzebuerger Schwäizer Messer - dat heescht, en Objet, dee Lëtzebuerg no baussen an d'Vitrinn stelle kéint, fir d'Qualitéiten an de Charakter vum Land besser ze vermaarten.
Bis elo wier deen Objet awer, trotz engem Appell, net fonnt ginn, sou d'Francine Closener. Vill Leit hätte Proposen an Iddien erageschéckt. Bis elo wier awer nach keng zeréckbehale ginn. D'Sich geet also weider.
600 Hektar nei regional Industriezonen
Als Staatssekretärin am Wirtschaftsministère ass d'Francine Closener och fir d'Handwierk, déi kleng- a mëttelgrouss Betriber a fir d'Industriezonen zoustänneg.
Si versteet d'Kritik vu ville Betriber, datt net genuch Terrainen a Plaz do wieren, fir sech an den Industriezonen ze vergréisseren. "Bei den Industriezone si mir bei den Hektaren, déi disponibel sinn, bal um Enn", seet d'Francine Closener.
Nodeems am Mäerz dat neit Gesetz fir den Amenagement du territoire an der Chamber gestëmmt gouf, kéint awer elo de Plan sectoriel fir d'Industriezone geschwënn an d'Prozedur goen - viraussiichtlech schonn am Mee.
An dësem sektorielle Plang wiere 600 Hektar fir regional Industriezone virgesinn. Dat géif net heeschen, datt direkt an onbedéngt Industriezonen dohinner kommen, präziséiert d'Francine Closener. Och wier et dann un de Gemengen, fir an hire PAGen ze decidéieren, ob a wou d'Industriezone sollen erweidert oder neier gebaut ginn.
Digitaliséierung: Grousse Retard
Besonnesch am Handwierk a bei deene méi klenge Betriber wier Lëtzebuerg, wat d'Digitaliséierung ugeet, dacks nach zimlech wäit hannendran.
D'Initiativ vum Wirtschaftsministère, fir, zesumme mat Luxinnovation, der Chambre des métiers an der Chambre de Commerce, de Betriber Hëllef bei der Digitaliséierung unzebidden, géif awer vill hëllefen, seet dFrancine Closener.
Och de Commerce gëtt encouragéiert, sech méi op den Online Handel ze konzentréieren. Zu deem Zweck huet d'Francine Closener d'Initiativ letzshop.lu an d'Liewe geruff. Si leeft den Ament nach net, mee et gëtt weider mat ville Lëtzebuerger Betriber geschafft, fir datt si hir Produiten online kënnen ubidden.
Aus Feeler geléiert
Fir d'Chamberwahlen am Oktober, wou d'Francine Closener am Zentrum nach emol fir d'LSAP kandidéiert, wier si weider voll motivéiert. Aus hire Feeler bei der Déngschtwon Affär, direkt no hirem Untrëtt als Staatssekretärin no de leschte Wahlen, hätt si vill geléiert. Politik dierft een net vun uewen erof maachen.