Radioen

On air

Notturno  |  Dweller - Hollow Feat. Field Guide, Georgia Harmer & Kris Ulrich

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lëtzebuerg ass ëmmer manner attraktiv"

Handwierk

"Lëtzebuerg ass ëmmer manner attraktiv"

Am Laf vun den nächsten 12 Méint sinn am Lëtzebuerger Handwierk 9.400 Aarbechtsplazen ze besetzen: dat huet d'Chambre des Métiers an enger Enquête bei hire Memberen erausfonnt. Hire Generaldirekter Tom Wirion mengt awer, datt et "äusserst schwiereg" wäert ginn déi Leit ze fannen.

auto_stories

3 min

Den Tom Wirion ass Generaldirekter vun der Handwierkerkammer

D'Nout ass entretemps esou grouss, datt d'Betriber ëmmer méi dozou iwwerginn, sech d'Mataarbechter een deem aneren ewech ze huelen. Fir den Tom Wirion ass dat an deem Mooss en neie Phenomen. Am Bau wier et esouguer esou, datt ganz Equippen ofgeworbe ginn:

"Do kënnt dann e Betrib, dee geet op e Chantier, dee freet nom Chef d'equipe. An dann nennt deen do e puer Zuelen. An deemno wéi et dann ass, da wiesselt de Chef d'equipe mat senger Equipe. Dat si Realitéiten, déi et an där Fassong viru fënnef, zéng Joer net gi sinn. "

Handwierker aus dem Ausland rekrutéieren

De Personalmanktem am Lëtzebuerger Handwierk war nach ni esou akut an en hat och nach ni esou eng grouss Envergure wéi haut. Déi Leit, déi ee sicht, fënnt een awer sécher net méi eleng zu Lëtzebuerg, och net méi an der Groussregioun: dofir misst ee méi wäit siche goen, mengt den Tom Wirion, de Generaldirekter vun der Handwierkerkammer.

Zu Lëtzebuerg fënnt ee scho laang net méi genuch nei Mataarbechter, an och an der Grenzregioun fält de Rekrutement ëmmer méi schwéier, seet den Tom Wirion:

"Lëtzebuerg ass ëmmer manner attraktiv. Et gëtt e Phenomen, deen hu mir net chiffréiert - deen ass och schwéier ze chiffréieren - mee et sinn och scho Salariés frontaliers, déi zeréckginn an hir Regioun. Dat setzt awer viraus, datt si do en Emploi fannen. Mee si ginn zeréck, déi déi een hunn, och wa si do manner verdéngen, wéinst der Qualité de vie, wéinst net missen all Dag am Stau ze stoen."

Et hätt een "ganz gutt Gespréicher" mam Wirtschaftsministère, datt bei Wirtschaftsmissiounen am Ausland och qualifizéiert Handwierker ugelackelt ginn. Den Tom Wirion nennt do d'Ukrain oder Marokko als Beispiller.

D'Salairë wiere ganz kompetitiv, mee de Logement géif géint Lëtzebuerg schwätzen. Wann een déi Handwierker wéilt ulackelen, da missten d'Problematik vum Logement an och Froe vum Coût de la vie a vun der Integratioun geléist ginn. "Soss kréie mir déi och net.", esou de Constat vum Tom Wirion.

Konkret Léisunge fir d'Mobilitéit

Fir den Tom Wirion ass et dofir wichteg, datt ee geziilt a proaktiv misst kucken, wéi een d'Mobilité transfrontalière kéint léisen a wat ee ganz konkret kéint mat den Nopeschlänner maachen. De Generaldirekter vun der Handwierkerkammer nennt d'Beispill vu Park & Riden: "Mee ech mengen, et ass net nëmme fir d'Iddi ze hunn an driwwer ze schwätzen; et geet elo drëm fir et unzepaken."

De Personalmanktem ass eng Konsequenz vum Wuesstum, deen de Betriber d'Optragsbicher fëllt. En huet awer och mat anere Facteuren ze dinn: ze wéineg Jonker, déi et an d'Handwierk zitt, oder och eng ongënschteg Alterspyramid am Secteur, déi dozou féiert, datt an den nächste Jore vill Leit an d'Pensioun ginn.