Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lëtzebuerg ass nach ëmmer en Autoland"

Verkéier

"Lëtzebuerg ass nach ëmmer en Autoland"

Lëtzebuerg huet ee Verkéiersproblem, seet den däitsche Verkéierswëssenschaftler Heiner Monheim. Et misst ee vum Auto ewech kommen an anescht investéieren. Eng méiglech Léisung gesäit hien an engem Tram-Train.

auto_stories

3 min

Aktuelle Pläng no beleeft sech den Invest fir den Tram zu Lëtzebuerg op ongeféiert 800 Milliounen Euro. Donieft gesinn d'Pläng vun der CFL, Luxtram an der Regierung vir, an Zukunft Park&Ride-Anlage weider auszebauen. Och an den ëffentlechen Transport sollen d'nächst Joer 827 Milliounen investéiert ginn. Mä dat géif net duer goen, a wier net zu Enn geduecht, seet den däitsche Verkéierswëssenschaftler Heiner Monheim.

"Dat bedeit jo, datt d'Leit bis un de Bord vu Lëtzebuerg mam Auto fueren. Da sinn d'Problemer op de Grenzen ëmmer nach net geléist. Mir musse sécher stellen, datt d'Leit vun der Wunneng bis op d'Aarbecht ganz op den Auto verzichten."

Wéinst der gerénger Fläch vu Lëtzebuerg bräicht een e Konzept vun engem Tram-Train, deen dat ganzt Land matenee verbënnt. Dobäi kéint ee sech um Modell vu Karlsruhe an Däitschland inspiréieren. Dat misst ee mat der CFL zesumme plangen. D'Zich hätten deen Ament vill méi de Charakter vun Stroossebunnen, déi méi dacks stoe bleiwen a méi dacks fueren.

"D'Zukunft einfach verschlof"

Zu Lëtzebuerg gouf et an de leschte Joren e grousse "Boom" um Aarbechtsmarché, seet den Heiner Monheim. Dat wier och de Grond, firwat esou vill Leit aus dem Ausland op Lëtzebuerg géife schaffe kommen. Déi nei Aarbechtsplazen hätte sech awer virun allem op deene Plaze konzentréiert, déi een am Beschte mam Auto erreecht. D'Leit wiere mat Parkplazen dozou motivéiert ginn, fir primär mam Auto op d'Aarbecht ze fueren. Obwuel Lëtzebuerg e räicht Land wier, wier et am internationale Verglach schlecht opgestallt, wat d'Emissiounswäerter ugeet.

Den ëffentleche Verkéier an d'Zuchstrecke wiere bäi Wäitem net mat der nämmlechter Prioritéit gefërdert ginn. Schonn zënter 30 Joer géif iwwer en Tram-Train geschwat ginn, awer et wier näischt geschitt. Et hätt een d'Zukunft einfach verschlof, seet den Heiner Monheim. D'Lëtzebuerger Politik wier sech ënner anerem bei der Finanzéierung ni eens gewiescht.

Et wier zwar vill diskutéiert ginn, wou een déi sougenannte "Stadtbahn" kéint bauen. Mä Deeler vun der Strooss op deenen Autoe fueren, hätt een net wéilten hierginn. Dowéinst hätt een elo e risegen Autosproblem.

Frontaliere pendele mam Auto

Lëtzebuerg eleng kéint awer net vill maachen. De Grand-Duché misst mat den Nopeschlänner koordinéieren. "Besonnesch schlëmm ass d'Verbindung mat Saarbrécken," seet den Heiner Monheim. "Hei gëtt et guer keng Zuchstreck." Am Kontext vun der europäescher Verkéierspolitik hätt een hei scho laang missten eppes maachen. Dat wier awer net geschitt.

"Et wollt een Autopendler hunn, elo huet een Autopendler kritt, an elo steet een am Stau."

Mëttel- a laangfristeg misst een anescht investéieren, fuerdert den Heiner Monheim. Wie weiderhin op den Auto géif setzen a Millioune Suen zum Beispill a Parkhaiser oder Autobunne géif stiechen, "verschenkt seng Zukunft."

Donieft bräicht een a Lëtzebuerg méi a besser verbonne Vëlosweeër - och tëscht de Grenzgebidder mat Däitschland, Frankräich an der Belsch. Do wier laang näischt geschitt. Eréischt an deene leschte Joren hätt sech an der Stad Lëtzebuerg eppes gedoen, wat de Vëlosverkéier ubelaangt.