De fréieren däitschen Ambassadeur Heinrich Kreft huet am August am 100komma7-Interview gemengt, déi däitsch Regierung hätt d'Kritik un de Grenzkontrolle wärend der éischter Well ënnerschat gehat. D'Ambassade hätt vill Bréiwer an Email kritt, mat deelweis Uspillung op d'Besatzungszäit. Do ass et wéi gesot ëm Grenzkontrolle gaangen, wat effektiv eng onsënneg Aktioun war, well e Virus näischt vu Landesgrenze versteet.
Mee och no der Decisioun vu Berlin fir Lëtzebuerg fir d'zweete Kéier als Risikogebitt anzestufen, gëtt et Kritik a wéineg Versteesdemech. Mir wäerten Iech dat net verzéien, huet e Kommentator op Facebook geschriwwen, wéi wann d'Astufung als Risikogebitt eng Krichserklärung wier.
Banal Erklärunge vs komplex Realitéit
Dobäi gëtt dacks argumentéiert, mir hätten hei am Land kee Problem, et géif ebe just méi getest ginn. D'Regierungsvertrieder, déi am Kontakt mat den däitschen Autoritéite sinn, hu phaseweis déi selwecht Messagë verbreet. Dobäi ass dat definitiv ze kuerz gegraff, an et ass wéi sou dacks eng banal Erklärung fir sech net misse mat enger komplexer Realitéit auserneen ze setzen - an och d'Eegeverantwortung op der Säit ze loossen.
Däitschland huet d'lescht Woch 4,6 mol manner Tester wéi Lëtzebuerg gemaach - proportional op 100.000 Awunner gekuckt. De Grand-Duché hat virun enger Woch awer 117 Neiinfektioune pro Woch a pro 100.000 Awunner, Däitschland deen Ament 13.
Och wann een et ongär wëllt gleewen, muss een einfach zouginn datt Lëtzebuerg keng Insel ass. Am Konträr: Fir seng kleng Populatioun goufen et proportional gesi phaseweis vill Neiinfektiounen. An dat zënter dem Ufank vun der Epdidemie schonn dräi mol: Enn Mäerz, Enn Juni a Mëtt September. Net eng Kéier dovu war et einfach op eng méi grouss Unzuel un Tester zréckzeféieren. All Kéiers ass och de Positivitéitstaux an d'Luucht gaangen, a simultan ass de Wäert vum Coronavirus an de Kläranlaagen geklommen. Bei den dräi Haussë gesäit een och mat enger logescher Verspéidung vun eng bis zwou Wochen en Impakt op d'Hospitalisatiounen. Fir d'Testargument ze widderleeën: An der Woch vum 13. Juli goufen 80.000 Tester gemaach - 580 dovu ware positiv. An der Woch vum 14. September goufen nëmmen hallef esouvill Tester gemaach - 671 dovu ware positiv.
D'EU muss elo liwweren
Et ass wuel richteg, datt Lëtzebuerg et am Juli a wéi et ausgesäit och elo am September fäerdeg bruecht huet, d'Situatioun ze kontrolléieren. Besser wéi aner Länner. Déi genee Grënn dofir bleiwen z'ënnersichen.
Datt et um Enn fir eng Risikoanalys net duergeet d'Neiinfektiounen ze consideréieren, ass ënner Experte scho laang Konsens. Et ass d'Europäesch Unioun, déi scho laang hätt missen eng wëssenschaftlech a gemeinsam Léisung presentéieren, wéi een den Eescht vun der Situatioun a Regiounen oder Länner am Beschte kéint erfaassen. Bis haut gëtt et déi net. En Drama, wann ee bedenkt wéi vill d'Bierger doduerch veronséchert ginn an zu wéivill Tensiounen dat an enger Groussregioun ka féieren.