Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg bedeelegt sech mat 350.000 Dosissen u Covax

Global Impfcampagne

Lëtzebuerg bedeelegt sech mat 350.000 Dosissen u Covax

Well d'Impfcampagne géint de Coronavirus zu Lëtzebuerg gutt virukomm ass, fänkt de Grand-Duché elo un Impfstoff fir d'Länner vum Globale Süden zur Verfügung ze stellen. Eng éischt Liwwerung fir de Cap Vert ass prett, sot eis de Manuel Tonnar, Direkter fir d'Kooperatioun am Ausseministère. Lëtzebuerg gëtt am Ganzen 350.000 Impfdosissen an 2 Milliounen Euro u Covax.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Déi éischt Liwwerung vu 56.000 Dosisse vum Vaxzevria-Impfstoff wier prett fir deemnächst an de Cap Vert geschéckt ze ginn, esou de Manuel Tonnar. Eréischt zanter kuerzem wier Lëtzebuerg wäit genuch mat der eegener Impfcampagne virukomm fir de Surplus u Vaccine kënnen u Partnerlänner ze schécken.

All Land hätt seng Limitten, déi et sech gesat hätt, mengt den Direkter fir d'Kooperatioun am Ausseministère. Zu Lëtzebuerg wier een am Juli sou wäit gewiescht, datt een hätt kënnen Impfstoffer u Länner vum Globale Süde ginn.

Am Ganze wëllt Lëtzebuerg zéng Länner iwwer de Covax-System hëllefen: Cap Vert, Kosovo, Burkina Faso, Niger, Mali, Senegal, Laos, Palestinensesch Territoiren, Mongolei a Vietnam.

Am Globale Süde feelen Impfdosissen

ONGe wéi Médecins sans Frontières kritiséieren, datt déi global Impfcampagne net séier genuch virukënnt. MSF huet de Covax-System rezent als ze bürokratesch, ënnerfinanzéiert a logistesch schlecht opgestallt genannt.

D'EU wollt bis Enn vum Joer 200 Milliounen Impfdosisse spenden, läit awer mat 7,1 Milliounen Dosissen nach wäit ënner deem Verspriechen. De Manuel Tonnar ënnersträicht, datt Lëtzebuerg "relativ vill finanziell Mëttel" ginn hätt an, soubal et méiglech war, och Dosissen. D'Besoinen am Globale Süde wieren enorm.

Am Ufank hätt Covax bësse lues ugefaangen, "mee wann de Mechanismus bis leeft an déi Koordinatioun bis funktionéiert, ech mengen, datt dat awer relativ séier ka goen", esou den Direkter fir d'Kooperatioun am Ausseministère. Ob d'Zuel vun 200 Milliounen Dosisse wierklech erreecht ka ginn, géif awer nach an de Stäre leien.

Fokus op eng drëtt Dosis oder déi global Impfcampagne

Den Direkter vun der Kooperatioun versteet och d'Kritik vun den ONGen, datt verschidde Länner hir Bierger elo scho fir d'drëtt wëllen impfen amplaz ze hëllefen, datt Impfdosisse global gerecht verdeelt ginn. Hei misst een ofweien, ob et méi wichteg wier: d'Populatioun fir d'drëtt ze impfen, oder ob ee fir d'éischt kuckt, déi global Impfcampagne virun ze dreiwen.

Impfungen am Globale Süde wieren nämlech net nëmmen aus philanthropesche Grënn wichteg, mee dat wier och fir déi eege Sécherheet vu Bedeitung. D'Weltgesondheetsorganisatioun hat e Moratoire op eng drëtt Dosis gefuerdert, fir géint déi global Ongläichheet beim Verdeele vun den Impfstoffer ze wierken.

Zu Lëtzebuerg gëtt et de Moment déi drëtt Impfdosis géint de Coronavirus just fir Leit mat enger Immunschwächt, oder déi eng Transplantatioun haten. Dat géif kuerzfristeg och net geännert ginn, hat d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert gëschter op enger Pressekonferenz gesot.