Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lëtzebuerg besser preparéiert, wéi Frankräich"

Brexit

"Lëtzebuerg besser preparéiert, wéi Frankräich"

De President vun der Chambre de Commerce Michel Wurth seet, Lëtzebuerger Entreprisë wieren den Austausch mam Ausland gewinnt. Doduerch wiere si gutt op e Brexit ouni Accord preparéiert.

auto_stories

2 min

De Michel Wurth lueft d'Zesummenaarbecht mat der Regierung beim Brexit.

D'Lëtzebuerger Entreprisen hätten allgemeng "méi Kompetenze" fir sech op en haarde Brexit ze preparéieren, wéi franséisch Betriber, esou de Michel Wurth. A Frankräich géifen déi meescht Betriber praktesch just fir den nationale Marché produzéieren. Zu Lëtzebuerg wier dat anescht: "Mir hu quasi kee Bannemaart, duerfir sinn eis Entreprisë gewinnt, mam Ausland ze schaffen."

De President vun der Chambre de Commerce seet, Lëtzebuerg wier gutt op de Brexit preparéiert. D'Zesummenaarbecht tëschent dem Patronat an den Entreprisen hätt hei gutt fonctionnéiert. De Michel Wurth schwätzt vun engem "reiwungslosen Dialog", esouwuel mat der Lëtzebuerger Regierung, wéi op EU-Niveau.

Preparatiounen hanner de Kulissen

E Freideg huet d'Regierung éischt Precautiounsmesurë fir de Fall vun engem No-Deal-Brexit annoncéiert. Sou sollen déi 6.000 Britten, déi hei am Land wunnen ee Joer Zäit kréien, fir een Titre de Sejour als Drëttstaatler unzefroen.

Éier d'Regierung hir Mesuren annoncéiert huet, hätten d'Politiker zesumme mam Patronat "analyséiert, nogeduecht, a preparéiert", esou de Michel Wurth. Fir op d'Suerge vun de Lëtzebuerger Betriber opmierksam ze maachen, hätt hie sech an de leschte Méint ënner anerem véiermol mam EU-Brexit-Negociateur Michel Barnier getraff.

Den 29. Mäerz soll Groussbritannien aus der EU austrieden. D'Chambre de Commerce steet de Betriber dofir och an den nächste Woche bei hire Preparatiounen zur Säit. D'Handelskammer huet eng Hotline installéiert, wou ee sech informéiere kann. Ausserdeem gëtt den 8. Februar zesumme mam Ausseministère an der EU-Kommissioun eng Konferenz fir d'Betriber organiséiert.

En neie President fir d'Handelskammer?

Am Moment ass iwwerdeems nach net kloer, ob d'Chambre de Commerce geschwënn en neie President kritt. D'Lëtzebuerger Land hat rezent gemellt, de fréieren CSV-Finanzminister Luc Frieden wier am Gespréich fir de Presidenteposten ze iwwerhuelen. Dorop ugeschwat sot de Michel Wurth, hien hätt selwer nach net definitiv decidéiert, ob hien nach eng Kéier untrëtt.

Hien hätt gär, datt mat "groussem Konsens" decidéiert gëtt, wien de Poste kritt, esou de Michel Wurth: "Ob dat elo de Luc Frieden ass, ob ech dat sinn, oder e Representant vun der CLC, oder vun der FEDIL, ...". Am Moment géif nach hanner de Kulissen doriwwer diskutéiert ginn. Den Delai fir Kandidaturen anzereechen ass de 25. Februar.