Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg bleift trotz der Covid-Kris en Immigratiounsland

Fräie Mikro

Lëtzebuerg bleift trotz der Covid-Kris en Immigratiounsland

D'Bevëlkerungsstatistiken 2020 sinn zanter Kuerzem bekannt. Trotz der Covid-Kris an dem wirtschaftlechen Ofschwong ass d'Awunnerzuel weider an d'Luucht gaangen. D'Attraktivitéit vu Lëtzebuerg als Awanderungsland fir Mënschen aus der ganzer Welt bleift ongebrach, mengt d'Laura Zuccoli.

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés. Foto: Archiv

634.730 Awunner zu Lëtzebuerg um 1. Januar 2021. Domadder ass am Joer 2020 d'Bevëlkerung am Grand-Duché trotz Corona a Lockdown ëm 8.622 Leit geklommen. Dës Erhéijung erkläert sech, wéi ëmmer, haaptsächlech duerch d'Immigratioun.

Den Ausseminister huet beim Bilan vun den Immigratiounszuele vun 2020 bal nëmme vun de Flüchtlingszuele geschwat. 2020 waren et 1.167 Leit, déi internationale Schutz am Grand-Duché gefrot hunn, e Réckgang am Verglach mat de Jore virdrun. Ursaach sinn déi besonnesch Restriktioune fir ze reese wärend der Corona-Kris.

Wéineg goufen d'Zuele vun der Immigratioun kommentéiert. Migrante si Leit, déi virun allem op Lëtzebuerg komme fir hei ze schaffen, oder fir bei hir Famill nozewanderen.

Wien ass op Lëtzebuerg komm?

Am Joer 2020 war d'Zuel vun den Umeldunge vun EU-Bierger zu Lëtzebuerg am Verglach mat de Jore virdrun erofgaangen. 14.400 Bierger aus der Unioun sinn d'lescht Joer zu Lëtzebuerg nei ugemellt ginn, déi Jore virdru waren dat der am Schnëtt 17.000. Sécher kee spektakuläre Réckgang.

Et stellt een eng Verännerung bei den Hierkonftslänner vun den EU Bierger fest: un der Spëtzt Frankräich mat 23,6 Prozent vun de gesamten Demandeuren, no hannendru Portugal mat 23,1 Prozent an Italien mat 11,5 Prozent .

Den Immigratiounsministère huet d'lescht Joer ronn 12.000 Openthaltsgeneemegungen un Net-EU-Bierger ausgestallt, dorënner 4.800 éischt Openthaltsgeneemegungen haaptsächlech fir Inder, Chinesen an US-Amerikaner. 31 Prozent ware Familljenzesummeféierungen, 25 Prozent nei Openthaltsgeneemegunge fir Salariéen an 9,3 Prozent europäesch blo Kaarten.

Kuckt een d'Gesamtkaarten, déi am Joer 2020 un Net-EU-Bierger ausgestallt goufen, stinn China, Indien a Montenegro un der Spëtzt.

Lëtzebuerg bleift also en Immigratiounsland - trotz der Kris!

D'Bevëlkerung gëtt méi al

Obwuel duerch d'Immigratioun och vill jonk Leit op Lëtzebuerg kommen, vereelzt eis Gesellschaft weider, d'selwecht ewéi a villen aneren Industrienatiounen.

Eng Etüd vum LISER aus dem Joer 2018 weist, datt bei eis nëmmen nach 40,5 Prozent Prozent vun de Leit tëscht 55 a 64 Joer beschäftegt waren. Dës Statistik erkläert sech ënner anerem duerch den nidderegen Undeel u Fraen, déi an dëser Altersgrupp beschäftegt sinn.

Am Verglach läit d'Quote vun de "Senioren" un der schaffender Bevëlkerung an Däitschland bei 71,40 Prozent, an Holland bei 67,70 Prozent an a Frankräich bei 52,30 Prozent, woubäi den EU-Duerchschnëtt bei 58,70 Prozent läit. De Grand-Duché bleift also wäit ënnert der Moyenne.

D'Zuelen ënner d'Lupp huelen

An dësem Kontext drängt sech eng detailléiert Analyse vun den Immmigratiounszuelen op. A wéi engen Aarbechtssecteure ginn nei Migranten agestallt? Wéi vill Demande sinn agereecht ginn, wéi vill goufen der refüséiert. Mat wéi enger Ursaach? Wéi ass d'Altersstruktur vun de Migranten an d'Laangzäitwierkung dovunner op eis Demographie?

Äntwerten op dës a vill weider Froe géifen eis et erlaben, d'Evolutioun vun eiser Gesellschaft an de positiven Impakt vun der Migratioun op hier zukünfteg Entwécklung besser ze verstoen an ze kommunizéieren.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.