Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Cornelius - Sparks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg co-finanzéiert Solarenergie a Finnland

Ëmwelt

Lëtzebuerg co-finanzéiert Solarenergie a Finnland

40 Milliounen Euro investéiert Lëtzebuerg an d'Produktioun vu Solarenergie a Finnland. Béid EU-Staate bedeelege sech mat dësem Projet un engem neien europäeschen Instrument fir d'Finanzéierung vun erneierbaren Energien. Dëse Solarprojet mat Finnland wier dobäi europawäit déi éischt Kooperatioun, esou datt Lëtzebuerg eng Pionéier-Roll géif spillen, seet de Minister Claude Turmes.

auto_stories

2 min

Am Beräich Solarenergie kooperéiert Lëtzebuerg elo mat Finnland. (Foto: Mariana Proença / Unsplash)

Fir déi europäesch Zieler am Beräich vun den erneierbaren Energien ze erreeche wier et néideg och weider Kooperatiounen am Ausland ze maachen, ënnersträicht den Energieminister. De Claude Turmes erkläert, datt si eng Kooperatioun mat Dänemark ronderëm déi Energieinsel hätten. Hei géif et elo ëm eng Kooperatioun mat Finnland goen am Beräich vun der Solarenergie. Si géifen dat iwwer een europäescht Instrument, de sougenannten 'EU renewable energy financing mechanism', maachen.

D'Virdeeler vu Finnland

Bei dësem Mechanismus soll d'EU-Kommissioun d'Gestioun vun de Gelder iwwerhuelen an organiséiert och d'Ausschreiwungen. De Claude Turmes kënnegt un, datt d'Zil vun dësem Projet wier, fir spéitstens vum nächste Joer un a Finnland op grousse Surfacen Solarenergie ze produzéieren. Finnland hätt grad esou vill Sonnestonne wéi Lëtzebuerg.

Ee Virdeel hätt Finnland awer méi. Si hätte méi Land a kéinten och méi gënschteg do dru kommen. Sou huet Finnland Méiglechkeet fir dat vill méi gënschteg an hirem eegene Land ze maachen.

Kee Finanzéierungs-Gesetz néideg

Vun der Solarenergie, déi bei dësem Projet fir een Zäitraum vu 25 bis 30 Joer a Finnland produzéiert gëtt, kritt Lëtzebuerg 80 Prozent fir säin Zil vun erneierbaren Energien ugerechent.

"Et kéint bis zu 400 Megawatt ginn. Mir hunn hei zu Lëtzebuerg elo am Moment e bësse méi wéi 300 Megawatt Solarenergie. Dat ass schonn eng relevant Quantitéit vu Solarenergie."

Dem Energieminister Claude Turmes no wier fir dëse Projet mat Finnland iwwer déi ugekënnegt 40 Milliounen Euro hei am Land kee Finanzéierungs-Gesetz néideg. Hien erkläert, datt dat de sougenannte Méchanisme de compensation wier, fir d'Finanzéierung vun den erneierbaren Energien.

Weider a Solar- a Wandenergie investéieren

De grénge Minister hofft, datt Lëtzebuerg nom Solar-Projet mat Finnland weider grouss Solar-Projeten am Süde vun Europa ka maachen, oder grouss gemeinsam Offshore-Wandanlagen. Zum Beispill mat Estland.

Soulaang wéi et hei am Land vill Industrie gëtt, wäert ëmmer musse Stroum importéiert ginn, argumentéiert de Claude Turmes. Lëtzebuerg hätt also een Interesse doru matzehëllefen, datt och am Ausland sou vill wéi méiglech Anlage fir d'Stroumproduktioun stinn.

ArcelorMittal eleng géif scho 35 Prozent vum Stroumverbrauch ausmaachen. Hien ënnersträicht, datt Lëtzebuerg ee Land mat groussen industrielle Stroumverbraucher wier. Dowéinst misst Lëtzebuerg nach weider a Solar- a Wandenergie investéieren an dofir wieren déi Kooperatioune mam Ausland sou wichteg.