Radioen

On air

De Moien  |  EU-Naturschutz-Gesetz nach ëmmer net sprochräif

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Weltraumsecteur ass un eisem Massespektrometer interesséiert"

Technologie am Weltall

"De Weltraumsecteur ass un eisem Massespektrometer interesséiert"

Zu Bieles gëtt am Moment eng Technologie entwéckelt, déi am Weltraum soll genotzt ginn: De Luxembourg Institute for Science and Technology, kuerz LIST, schafft nämlech un engem Massespektrometer fir Materialien am All z'analyséieren.

auto_stories

4 min

De Laboratoire vum Tom Wirtz a senger Equipe ass direkt nieft dem Campus vun der Universitéit zu Belval. Hei ginn déi verschiddenst Materialien analyséiert, vu Ketchup bis zu Pneuen oder Stol.

Fir erauszefannen, wéi zum Beispill de Stol zesummegesat ass, gëtt e "Massespektrometer" benotzt. Dësen Apparat analyséiert am Detail aus wéi engen Eenzeldeeler d'Material besteet. Zu Lëtzebuerg ginn esou Apparater zënter 17 Joer entwéckelt. "Mir fokusséieren eis zu Lëtzebuerg dacks op Nischen. Dat war och den Hannergedanken, wéi mir eis Aktivitéit am Joer 2000 ugefaangen hunn. Wa mer dat nämmlecht géinge maachen, wat jidderee mécht, da misste mir nach méi Moyenen drastiechen. Dat heiten ass eng Nische, bei där mir eng grouss Plus-value erkennen," seet den Tom Wirtz. D'Fuerschung géing natierlech Zäit kaschten an et misst ee Suen investéieren.

Interessi vum Weltraumsecteur ugezunn

Virun allem d'Industrie ass un den detailléierten Analyse vun de Massespektrometeren interesséiert. Am Moment géingen zum Beispill Apparater fir d'Stol- an d'Elektroindustrie entwéckelt ginn. Zënter e puer Joer schafft de LIST och un engem méi klenge Massespektrometer, deen an der fräier Natur soll benotzt ginn. Domat huet d'Institut och den Interessi vun engem méi aussergewéinleche Secteur ugezunn.

E Fuerscher bei der Aarbecht um Massespektrometer

"2014 hate mir eng Visite vun der NASA. An de Gespréicher huet sech erausgestallt, datt eise Massespektrometer fir d'Weltraumfuerschung kéint interessant sinn." De Kontakt mat der amerikanescher Weltraum-Agence ass deemno ronn zwee Joer virum Wirtschaftsminister Etienne Schneider senger offizieller Ukënnegung entstanen, de kommerzielle Spacemining-Secteur wëllen z'ënnerstëtzen.

Dës Initiativ géing och nei Erausfuerderunge fir d'Fuerschung matsechbréngen. "Bis elo waren déi ganz Weltraummissiounen ëmmer op wëssenschaftlech Erkenntnesser baséiert. Elo wëll een dat Ganzt fir d'éischte Kéier op kommerzieller Basis maachen. Wéi eng Instrumenter dofir benotzt solle ginn, dat ass dann e ganz anert puer Schong."

Kommerziell Notzung

D'Massespektrometeren, déi vum LIST entwéckelt ginn, kéinten hëllefen erauszefannen, op wéi enge Plazen am Weltraum et derwäert ass, fir Ressourcen ofzebauen. "Mir kënne mat eiser Technologie d'Isotopeschnëtter moossen. Dat ass mat aneren Technologien net méiglech. Duerch d'Proportiounen tëscht deene verschiddenen Isotope gi mer gewuer, aus wéi enge verschiddene Charakteristiken d'Material besteet. Dat kann ee wëssenschaftlech notzen, et kéint een et awer och kommerziell gebrauchen." Doraus kann een da schléissen, ob et eppes ass dat "nowiisst" oder ob et nom Ofbau, fir ëmmer fort ass.

E klenge portabele Massespektrometer

Déi kleng japanesch Firma Ispace wëll zesumme mam LIST ee Spektrometer bauen, deen um Mount ka genotzt ginn. Wéi laang d'Entwécklung dofir dauert, wier schwéier virauszesoen, seet den Tom Wirtz. D'Erfarung aus vergaangene Projete géing awer weisen, datt een e puer Joer Gedold brauch:

"Hei am Labo hu mer ëmmer eng zweet Chance. Wann iergend eng Pann ass, da kann den Elektroniker d'Komponenten auswiesselen. Wann am Weltall awer eng Pann ass, dann hu mir e gréissere Problem. Déi Saache muss een am Viraus vermeiden. Eis Tester mussen dowéinst vill méi wäit goen, wéi dat elo de Fall ass." Et wier e laangjärege Projet, dee sech iwwer véier bis sechs Joer kéint zéien.

Aktivitéiten an d'Luucht schrauwen

Am Moment mécht d'Weltraum-Nisch just eng zéng bis 15 Prozent vun der Fuerschung aus, déi den Tom Wirtz a seng Equipe vu 15 Leit bedreiwen. Duerch d'Space-Mining-Initiativ vun der Regierung kéint dat sech awer geschwënn änneren. "D'Fuerschung an deem Beräich huet allerdéngs eréischt viru sechs Méint konkret ugefaangen. Zënter ongeféier dräi Joer huele mir dee Secteur e bësse méi genee ënnert d'Lupp. Wéi et den Ament ausgesäit, ass et e Beräich, deen immens séier iwwert déi nächst Méint a Jore wäert wuessen." Den Tom Wirtz a seng Equipe kéinte sech dowéinst virstellen, datt si iwwer dat nächst Joer hir Aktivitéit an deem Beräich ëm 30 bis 40 Prozent an d'Luucht schrauwen.

Vu wéini un d'Massespektrometere fir de Weltraum rentabel kënne verkaf ginn, kann den Tom Wirtz am Moment awer nach net soen. Säi Laboratoire géing an éischter Linn d'Technologie entwéckelen, net awer de kommerzielle Gebrauch dovun.