Den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister deelt net d'Kritik vu sengem Parteikolleg, dem gréngen EU-Parlamentarier Claude Turmes. Dee sot dës Woch, déi national Instanzen hätte versot.
De François Bausch gëtt de Ball léiwer weider un d'Automobilindustrie. Et wier si, déi gefuddelt hätt. "D'Constructeuren hu ganz kloer d'Homologatiounsstelle getäuscht." Se hätte verbueden "defeat devices", also Software agesat. "Fir d’Homologatiounsstellen ass et relativ schwéier gewiescht, fir net ze soen onméiglech, fir dat erauszefannen."
Schwaachstelle bei der SNCH
Dofir ze suergen, datt d'Gesetzer agehale ginn, dat ass awer genee d'Aufgab vun den Homologatiounsautoritéiten. Dat weess och de Minister, dee gäre Schwaachstellen am System zougëtt.
Nom Ausbroch vum VW-Skandal hat de François Bausch en Audit iwwert d'Société Nationale de Certification et d'Homologation (SNCH) an Optrag ginn. D'SNCH hat zwee Modeller vun Audi mat ëmstriddenen Ofgassystemer zougelooss.
Dem Minister no géif den Audit awer net weisen, datt sech d'SNCH eppes ze reprochéieren hätt. "Et sinn eng Rei Konklusiounen, déi einfach opweisen, wéi een d'Gouvernance ka verstäerken". Fir kënne besser ze schaffen, misst d'SNCH deemno méi Leit a méi Moyene kréien.
Huet Lëtzebuerg Schued erlidden?
Géint den däitsche Betrib Audi faasst de grénge Minister iwwerdeems eng Plainte an d'A. Hien hätt och schonn eng juristesch Analys maache gelooss. "Et ass wichteg, datt mer kucken, ob Lëtzebuerg hei Schued erlidden huet a wien eventuell den Auteur vun deem Schued kéint sinn".
De grénge Grupp am Europaparlament fuerdert eng europäesch Kontrollagence, déi déi national Homologatiounsagencen iwwerwaache soll. De François Bausch seet, hie géif dat ënnerstëtzen. Dat wier och d'Positioun vun der Regierung.