Radioen

On air

Notturno  |  Nicholas Krgovich - Bedlam

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lëtzebuerg huet Retard beim Online-Handel"

Wirtschaft

"Lëtzebuerg huet Retard beim Online-Handel"

Déi digital Revolutioun an d'Konkurrenz vun de groussen Akafszentere sinn zwou Erausfuerderunge fir de Lëtzebuerger Handel, seet den Thierry Nothum, deen no 23 Joer als Direkter vun der Handelskonfederatioun CLC ophält. Beim online Handel wier den Zuch fir d'Lëtzebuerger Betriber zwar nach net fort. Mä e géif schonn an der Gare stoen.

auto_stories

4 min

Thierry Nothum

De Lëtzebuerger Handel ass ee wichtege Pilier vun der nationaler Wirtschaft. Et ginn 11.000 Entreprisen am Secteur. Si beschäftege ronn 60.000 Leit. Allgemeng schéngt et dem Lëtzebuerger Handel nees besser ze goen. Am Mäerz wier esou vill konsuméiert ginn, wéi zanter 15 Joer net méi, huet d'Lëtzebuerger Zentralbank matgedeelt. Den Thierry Nothum hofft, datt déi Tendenz unhält, fir de Retard aus de leschte Joren opzehuelen.

Et misst een och kucken, wou déi Verbesserung hierkënnt. "Ass et just eng Stëmmung, sinn et méi Frontalieren, déi heihinner akafe kommen", freet sech den Thierry Nothum. Allgemeng wier den Handel zu Lëtzebuerg gutt opgestallt, mat enger grousser Produktivitéit a Rentabilitéit pro Meter Carré. Do kéint Lëtzebuerg duerchaus mam Ausland mathalen, a wier deelweis esouguer besser, sou den Thierry Nothum.

Saturatioun duerch Akafszenteren

Suerge mécht Handelskonfederatioun sech awer iwwert d'Entwécklung vun de groussen Akafszenteren zu Lëtzebuerg. Vu ronn enger Millioun Meter Carré Verkafsfläch zu Lëtzebuerg maachen d'Grandes Surfaces iwwer d'Halschent aus. Do géif et de Risiko vun enger ze vill grousser Offer ginn. Duerch déi Saturatioun géif den Drock vun der Konkurrenz klammen, an dat kéint negativ Konsequenze fir d'Geschäfter an de Stied hunn, warnt den Thierry Nothum. Fir dogéint ze wierken, hunn d'Regierung, d'Chambre de Commerce an d'Handelskonfederatioun dee sougenannte Pakt Pro Commerce an d'Liewe geruff.

Den Thierry Nothum gëtt zou, datt déi grouss Akafszenteren Avantagë fir d'Clienten hunn. Zum Beispill méi laang Ouvertures-Zäiten. Déi kleng a mëttelgrouss Geschäfter an de Stied hätten awer villes, wat Akafszenteren net bidde kéinten. Eng eemoleg Atmosphär, an e gewëssene Charme, virun allem. Domadder kéinte si sech vun de grousse Verkafsflächen differenzéieren, betount den Thierry Nothum. Dat Wichtegst beim Konsum wier nämlech d'Emotioun. D'Geschäfter an de Stied misste sech kloer positionéieren, fir d'Akafen als Fräizäitaktivitéit an Entspanung ze verkafen. "Wann dat hinne geléngt, dann ass et mir net Angscht ëm si", seet den Thierry Nothum.

Luxus-Geschäfter an der Haaptstad

Déi héich Konzentratioun vu Luxus-Geschäfter a Marken an der Haaptstad wier eigentlech "ongewollt" geschitt, mengt den Thierry Nothum. Mä op d'mannst wier dat e Positionnement, mat deem Lëtzebuerg sech vun anere Stied an der Groussregioun géif differenzéieren. Allerdéngs misst ee sech méi kloer dozou bekennen. "D'Haaptstad muss méi kloer no bausse kommunizéieren, datt si vill Haut de Gamme ubitt", seet den Thierry Nothum.

Allgemeng warnt den Thierry Nothum awer och. Et dierft een de Clienten net dat falscht Gefill ginn. Wa si eng breet Offer versprach kruten, an déi herno net do ass, wieren d'Clienten enttäuscht a géife sech vun der Publicitéit verrode fillen.

Digitaliséierung: Lëtzebuerg dierf den Zuch net verpassen

Enger Etude vun Eurostat no kafen 78 Prozent vun de Lëtzebuerger online. Mä nëmme siwe Prozent vun de klengen a mëttelgrousse Betriber zu Lëtzebuerg verkafen online. Den Thierry Nothum ass averstanen. Et géif ee Retard beim Online-Handel zu Lëtzebuerg. "Mir hunn den Zuch nach net verpasst, mä e steet an der Gare an ass am Gaang fortzefueren".

Et misst méi dru geschafft ginn, och um Niveau vun der Regierung, fir datt Lëtzebuerger Entreprisen de Schrëtt an den digitalen Zäitalter packen. Dat géif net just d'online Akafe betreffen. Och d'Informatik vun den Handels-Betriber misst ugepasst ginn. Grad wéi d'Aart a Weis, wéi si mat Clientë kommunizéieren, wou a wéi si Reklamm maachen, a wéi si hir Präsenz op Facebook an aneren Internet-Säiten entwéckelen.

Fir Lëtzebuerger Händler wier dat, dem Thierry Nothum no, awer besonnesch komplex. En däitschen Händler, zum Beispill, hätt am eegene Land Milliounen däitsch Clienten. De Lëtzebuerger Maart wier kleng an d'Betriber missten hei vun Ufank un d'Ausland matabezéien. "Et muss direkt an zwou, dräi Sprooche fonctionnéieren, an d'Lëtzebuerger Betriber mussen sech och an de Nopeschlänner fir d'TVA immatrikuléiere loossen", erkläert den Thierry Nothum.

Déi Komplexitéit géif ofschrecken. Do missten d'CLC an d'Regierung de Betriber hëllefen, a si dervun iwwerzeegen, datt Investissementer an deene Beräicher sech lounen. Ausserdeem missten och am Handel d'Betriber haut anert Personal ustellen. "Och an eisem Secteur ginn ëmmer méi IT Spezialiste gebraucht", esou den Thierry Nothum.

Neien CLC Direkter nach net bekannt

Wien neien CLC-Direkter gëtt, kann den Thierry Nothum nach net beäntwerten. Et wier net seng Decisioun. D'Gespréicher wieren awer bal fäerdeg. An den nächste Woche géif de Verwaltungsrot eng Propose gemaach kréien. Déi misst da vum Conseil gutt geheescht ginn. Den Thierry Nothum hält den 31. Mäerz als Direkter vun der Handelskonfederatioun op, no 23 Joer Aarbecht am Secteur. Hie géif sech op nei Defie freeën a wier gespaant, wat elo nach kënnt.