Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi positionéiert sech Lëtzebuerg?

Neidefinitioun vun Antisemitismus

Wéi positionéiert sech Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg iwwerhëlt den Dënschdeg fir ee Joer d'Presidence vun der IHRA, der International Holocaust Remembrance Alliance - eng international Staatenorganisatioun mat aktuell 32 Memberen. Lëtzebuerg ass zanter 2003 Member. D'IHRA promovéiert eng Definitioun iwwert den Antisemitismus déi net onëmstridden ass.

auto_stories

3 min

Et handelt sech ëm eng juristesch net bindend Definitioun, déi vag formuléiert ass. Europäesch Organisatiounen, déi sech fir d'Rechter vun de Palestinenser asetzen, kritiséieren d'Beispiller, déi d'IHRA uféiert, fir hir Definitioun vum Antisemitismus ze erklären. Mat där Definitioun wéilt een d'Kritik um israelesche Staat fir Verstéiss géint d'Mënscherechter vun de Palestinenser ënnerdrécken, esou de Virworf.

Eng Rei vun den IHRA Memberstaaten hunn dës Definitioun mat hire Beispiller schonn adoptéiert. Wéi steet Lëtzebuerg zur där Definitioun an de beschreiwende Beispiller dozou?

Hie kéint d'Positioun vu Lëtzebuerg net erklären, seet de Georges Santer, Lëtzebuerger Ambassadeur plénipotentiaire bei der IHRA. "Mëttlerweil ass eng grouss Dynamik an der Europäescher Unioun. Et ass en Appell an der Deklaratioun iwwer Antisemitismus vun der Europäescher Unioun wou drasteet: 'Calls upon the memberstates to endorse the working definition'."

Lëtzebuerg huet sech nach net positionéiert

Vu Woch zu Woch ass d'Zuel vu Länner, déi dës Definitioun acceptéiere méi grouss ginn, seet de Georges Santer. Ob Lëtzebuerg déi Definitioun mat hire Beispiller wäert iwwerhuelen, konnt den zoustännegen Ambassadeur Georges Santer, dee Lëtzebuerg an der IHRA vertrëtt, net soen. "Mir hunn do lo nach, mengen ech, keng Decisioun dozou geholl", äntwert de Georges Santer. Kritik um israelesche Staat misst och an Zukunft méiglech bleiwen, seet de Georges Santer, mee:

Mir hunn awer a leschter Zäit festgestallt, an dat kënnt och an allen Etüden eraus, datt vill Leit hiren Antisemitismus hanner enger anti-israelescher Kritik, hanner Antiisraelismus verstoppen. Dat selwecht gëllt fir den Zionismus. 'Ech sinn zwar keen Antisemit, mee ech duerf awer antizionistesch sinn.' Domat gëtt deenen negativen Haltunge méi een, oder vermeintlecht méi een, acceptabelen Deckmäntelchen ugehaangen.

Et misst een oppassen, datt een duerch de Konflikt tëschent de Palästinenser an der israelescher Regierung, den Antisemitismus net steigert, andeems ee sech ze vill op dee Konflikt géif fokusséieren, sou de Georges Santer.

De Georges Santer ass Lëtzebuerger Ambassadeur plénipotentiaire vun der IHRA a vertrëtt Lëtzebuerg an der internationaler Organisatioun, déi sech fir d'Erënnerung vum Holocaust a géint den Antisemitismus asetzt.

Ënner Lëtzebuerger Presidence

  • Am Juni zu Mondorf op enger Konferenz soll Australien offiziell opgeholl ginn als neien IHRA Member. Am Dezember da Portugal.
  • 75. Anniversaire vun der Befreiung vum Konzentratiounslager vun Auschwitz
  • Anniversaire vun der "Erklärung vum internationale Forum vu Stockholm zum Holocaust"

D'IHRA huet am Joer 2000 déi sougenannten "Deklaratioun vu Stockholm" ugeholl, wou definéiert gëtt, wéi sech d'IHRA géint Rassismus an Antisemitismus a fir d'Commemoratioun vum Holocaust asetzt. Ënner Lëtzebuerger Presidence soll eng nei Prinzipiendeklaratioun ausgeschafft ginn.

D'Fundamental Rights Agency vun der Europäescher Unioun huet an engem Rapport 12 EU-Staate verglach a gekuckt, wéi an engem Zäitraum vu fënnef Joer den Antisemitismus evoluéiert huet. Do gëtt eng seriö Augmentatioun festgestallt vun antisemiteschen Akte vun am Schnëtt 50 Prozent, seet de Georges Santer.

D'EU huet de sechsten Dezember 2018 am EU-Conseil vun den Innen- a Justizminister eng Erklärung iwwer Antisemitismus ugeholl, an där d'Länner opgefuerdert ginn, déi Definitioun iwwer den Antisemitismus vun der IHRA ze acceptéieren. "Dat ass eng Entscheedung net vun der IHRA, mee vum Ministerrot vun der Europäescher Unioun", sou de Georges Santer.


Den integralen Interview vum Mick Entringer mam Georges Santer:

Lauschterenplay_arrow


Update: Mir hunn dësen Artikel den 11. Mäerz 2019 verbessert an Detailer dobäi gemaach.