Radioen

On air

Tockcity  |  Underworld & Kettama - Fen Violet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ​Lëtzebuerg ka virun am grousse Stil op de Coronavirus testen

Large-Scale Testing

​Lëtzebuerg ka virun am grousse Stil op de Coronavirus testen

Lëtzebuerg ka virun am grousse Stil op de Coronavirus testen. De Staat kann déi weider Phas vun der Campagne, vun Enn August bis Enn Mäerz d'nächst Joer, mat ronn 60 Milliounen Euro plus TVA finanzéieren. D'Gesetz dofir gouf den Dënschdeg eestëmmeg an der Chamber gestëmmt.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


D'Ausschreiwung fir déi weider Testphas gouf schonn de Mëttwoch Moie publizéiert an de Prestataire soll bis Mëtt August fonnt sinn. Geplangt sinn am Ganze ronn 1,6 Millioune weider Tester. D'Zuel vun Tester pro Woch soll op 53.000 erofgoen.

Och nom Enn vum Large-Scale Testing e Méindeg, 27. Juli a bis déi nei Phas Enn August uleeft, soll viru getest ginn, eventuell op Basis vun engem Zousaz-Kontrakt mam aktuelle Prestataire, esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert an der Chamber. Si huet vun enger momentan "ganz aktuell kritescher Zäit" geschwat.

Eventuell en Zousazkontrakt fir déi aktuell Test-Campagne

Wéinst de villen Nei-Infektioune wier et awer elo wichteg, Zousaz-Capacitéiten ze garantéieren, warscheinlech iwwer een Zousaz-Kontrakt mam Prestataire vun den Tester, dat no engem Kassensturz. "Mir wäerten dat selbstverständlech am Respekt vun der Gesetzgebung maachen, déi fir Marchéë spillt an déi eis eben och eng Rei Méiglechkeete gëtt, fir esou Rallongen zum Marché ze maachen", esou d'Gesondheetsministerin.

Déi aktuell grouss Test-Campagne wier een "extrem ambitiéise Projet" gewiescht an e Succès, esou d'Ministerin, déi sech géint d'Kriticke vun der Oppositioun gewiert huet. Virdrun hat den CSV-Deputéierte Georges Mischo gesot, datt d'Testen am grousse Stil ouni Zweiwel eng gutt Saach wier, mee et kéint ee senger Meenung no och vu "Pleiten, Pech un Pannen" schwätzen. Déi éischt Phas vum Large-Scale Testing hätt och missten ausgeschriwwe ginn, esou de Georges Mischo.

1,6 Millioune weider Tester iwwer siwe Méint

An Zukunft kéint een den engleschen Titel vum Projet vergiessen, esou nach d'Prezisioun vun der Ministerin. De Large-Scale Testing wier an hiren Aen näischt anescht gewiescht, wéi en ambitiéise Fuerschungsprojet, deen op en Enn komm wier, deen evaluéiert gi wier an deen an enger zweeter Phas zu enger Partie intégrante vun der Lëtzebuerger Teststrategie géif ginn.