Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg: Kleng Stad, héich Präisser

Gemengewahlen

Lëtzebuerg: Kleng Stad, héich Präisser

De Wunnengsmaart an der Haaptstad boomt. Mä net jidderee kann dovunner profitéieren. Wie ka sech an der Gemeng Lëtzebuerg eng Wunneng leeschten? Wisou sinn d'Präisser sou héich? A sicht d'Politik genuch no Léisungen, fir bezuelbare Wunnraum ze schafen? D'Acteuren um Terrain si skeptesch.

auto_stories

4 min

Dem STATEC no wieren d'Präisser vun den Appartementer an der Stad Lëtzebuerg d'lescht Joer ëm ronn aacht Prozent geklommen. 2014 waren et der just ronn 4,5 Prozent. An der Moyenne bezilt een haut tëscht 6.300 an 7.500 Euro de Meter Carré. De Präis fir een Haus leit bei knapp enger Millioun Euro: Dat ass duebel esou deier, wéi fir dat selwecht Haus am Norde vum Land.

"D'Präisser sinn extrem héich, sou datt een dat och mat zwou gudde Paien net ouni Hëllef vun Doheem bezuele kann."

Dat seet eng Koppel, déi sech rezent zu Bouneweg en Haus kaaft huet. Den Emmanuel koum viru sechs Joer aus dem Cap Vert op Lëtzebuerg. Hien erzielt, nodeems hien zwee Joer laang mat senger Famill zu Véier an enger zwee Zëmmer Wunneng op der Gare gewunnt huet, hätt seng Famill sech näischt méi Grousses kënne leeschten.

"Mir lounen elo eng Wunneng zu Sandweiler bei der Agence Immobilière Sociale ."

Een Haus vun der Agence Immobilière Sociale (AIS)

Déi Leit déi sech an der Stad nach kënnen eng Wunneng leeschten, wiere virun allem 'Expats', erkläert de Christophe Muller vun der Agence fir Luxusimmobilië Sotheby's. Et wieren Auslänner, déi mat engem ganz héije Revenu op Lëtzebuerg schaffen a wunne kommen. "Lëtzebuerg entwéckelt sech zu engem Pôle, dee Leit unzitt mat iwwerduerchschnëttleche Moyenen, déi sech déi deier Wunnengen ouni Problem leeschte kënnen." Et géif souguer ee Konkurrenzkampf tëschent de Keefer entstoen, deen dozou géif bäidroen, d'Präisser an der Stad nach méi an d'Luucht ze dreiwen.

E Pôle fir Räicher

Weider Grënn fir déi héich Immobiliepräisser wier d'Konstruktioun an de Bau u sech, esou de Marc Ketter vun der Konstruktiounsfirma CDCL. "Déi nei Oplage fir d'Energie z'optiméieren hu mat sech bruecht, datt méi deier Materialie musse benotzt ginn." Dobäi kéim eng Hausse vun de Salairë vun den Aarbechter.

Am Kader vun de Gemengewahle fuerdert quasi all Partei an der Gemeng Lëtzebuerg en abordabele Wunnraum. Dëst, ouni radikal Mesuren ze treffen. D'Acteuren um Terrain si skeptesch. "Et gëtt vill iwwert de Logement geschwat, mä et proposéiert kee konkret Léisungen" bedauert de Jerôme, dee sech no der Uni an eng Gemeinschaftswunneng an der Stad installéiert huet. Eleng hätt hie sech näischt kéinte leeschten. Dem Christophe Muller vu Sotheby's no géif d'Politik de Wunnengsproblem kontradiktoresch ugoen. "Ob där enger Säit probéiere mir grouss Betriber op Lëtzebuerg ze kréien, an op der anerer Säit ginn et net genuch Wunnengen."

Verschidde Léisungsvirschléi

D'Gemeng Lëtzebuerg géif allerdéngs vill am soziale Wunnengsbau maachen, seet de Gilles Hempel, Direkter vun der Agence Immobilière Sociale (AIS), déi Wunnenge vu private Leit zu engem abordabele Präis u Leit verlount, déi sech um reguläre Wunnengsmaart näischt kënne leeschten.

"Lëtzebuerg ass déi Gemeng, déi déi meeschte sozial Wunnengen huet a si bezilt eis véier Mataarbechter, mat deene mir ville Leit kënnen hëllefen"

Aner Iddien op Gemengenniveau wier zum Beispill ee Mediateur, esou de Christophe Muller. Wann zum Beispill Terraine géife lokaliséiert ginn, déi a verschiddene privaten Hänn wieren, da bräicht een eng Persoun, déi géif hëllefen, datt e Projet méi séier kéint realiséiert ginn.

"A verschiddene Lotissementer wéi zum Beispill um Kierchbierg, do huet et deelweis 20 Joer gedauert bis konnte Wunnenge gebaut ginn."

Dem Marc Ketter no wier eng weider Méiglechkeet d'Densitéit an der Stad z'erhéijen. "Wann een a verschiddene Quartiere géif erlaben, e Stack dropzebauen, dann hätt een den Terrain gratis an et kéint ee ganz séier nei Logementer kreéieren, ouni zousätzlechen Terrain ze brauchen." D'Grënn, wisou esou vill Leit wëllen an den Zentrum wunne komme sinn déi selwecht fir jiddereen: No bei der Aarbechtsplaz, manner Trafic an en urbane Feeling.