Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg kritt ee Pandemie-Gesetz

Chamberdebatt

Lëtzebuerg kritt ee Pandemie-Gesetz

Wärend der Covid-Pandemie goufe wéinst der akuter Situatioun eng sëllege Gesetzer gestëmmt, fir déi nei sanitär Moossnamen ëmzesetzen ze kënnen. Ee Pandemie-Gesetz soll fir zukünfteg Pandemien ausgeschafft ginn.

auto_stories

3 min

D'Gestioun vun der Pandemie war net evident: de Virus war net bekannt an déi sanitär Moossnamen hunn ëmmer nees missten ugepasst ginn. Mee waren déi Moossnamen dann effizient, waren d'Maskeflicht oder de Confinement néideg?

Fir de Claude Wiseler, CSV-Deputéierte wier eng Analys vun de Moossnamen néideg. D'CSV fuerdert ee Pandemie-Gesetz: mat all deenen Erfarungen, déi ee wärend der Covid-Pandemie gemaach huet, hätt ee "vläicht besser", sech déi néideg Moyenen ze gi fir ze handelen - an dat "an alle korrekte Formen".

Ee Gesetz fir zukünfteg Urgencësituatiounen ze geréieren

An Zukunft géifen nämlech Urgence-Situatiounen ëmmer erëm kommen. De Claude Wiseler ënnersträicht:

"Et dierf net zur Normalitéit ginn, datt mer d'Reglement heiansdo applizéieren, a wa Situatioune kommen, wou dat net méi geet, datt mer et einfach aussetzen."

D'Paulette Lenert erkläert, datt de Kader, deen ee sech an der Pandemie ginn hätt, "zu all Moment" erëm aktivéiert kéint ginn. "Mir hu gutt funktionéiert mat deem Kader", seet d'Gesondheetsministesch. Trotzdeem ass si sech bewosst, datt een ee Gesetz bräicht.

"Mir sollten eis déi néideg Zäit huele fir en anstännegt Infektiounsschutzgesetz op de Wee ze bréngen. Et ass esou, wéi ech et eigentlech wéilt nennen."

Eng ugespaante Situatioun an Alters- a Fleegeheemer

D'OECD, d'Organisatioun fir d'Zesummenaarbecht an Entwécklung, huet eng Analys iwwer d'Gestioun vun der Pandemie zu Lëtzebuerg gemaach. Dora stellt si sech Froen iwwer d'Situatioun an den Altersheemer an huet festgestallt, datt vill Leit do gestuerwe sinn.

De Marc Spautz vun der CSV weist drop hin, datt "bei deenen Doudege Lëtzebuerg relativ gutt do steet", trotzdeem géif den OECD-Rapport soen, datt d'Zuel vun den Doudeger an den Alters- a Fleegeheemer zu Lëtzebuerg "absolut e Rekord" wier.

Lëtzebuerg wier awer an enger besonnescher Situatioun, esou d'Analys vun der Familljeministesch Corinne Cahen: d'Leit wieren zu Lëtzebuerg méi al wéi am Ausland, wa se an een Alters- oder Fleegeheem kommen, "ebe well een hei ganz gutt doheem versuergt ka gi vun all deenen Déngschter, déi bei een heem kommen". D'Leit, déi an den Alters- a Fleegeheemer wunne wieren deemno och déi Leit, déi am meeschte Fleeg brauchen, esou d'Corinne Cahen.

Eng schwéier Organisatiounsfro

Déi materiell Situatioun war fir all d'Länner schwiereg: grad am Ufank huet un Impfunge gefeelt, spéiderhi wier awer net méi dorop opgepasst ginn, kritiséiert de Sven Clement.

Et wier "sécherlech net falsch" fir genuch Impfungen ze bestellen, esou den Deputéierte vun der Piratepartei, mee wann ee feststellt, datt een ze vill Dosisse bei enger ze klenger Demande hätt, da misst een no Léisunge sichen.

"Wichteg an deier bezuelten Impfstoffer einfach an d'Poubelle geheien ass sécher net déi richteg Léisung."

An der Debatt gouf et och d'Kritik vun der grénger Fraktiounspresidentin Josée Lorsché ëm d'Presenz vu Gruppéierungen, déi sech ganz aggressiv vis-à-vis vun de Wëssenschaftler, der Politik oder vun den Doktere verhalen hunn, well se skeptesch waren iwwert déi sanitär Moossnamen.